Mir sinn d Studente vu Lëtzebuerg, déi sech a 44 Cerclen ronderëm d Welt zesummefonnt hunn...

Similar documents
EDITIOUN STUDENTEBAL 2014 DE BOB

Budgetsried Budget Pierre Gramegna, Seul le discours prononcé fait foi. Fir eng modern a solidaresch Gesellschaft

Iwwersetzung Maacht et richteg!

fir jonk Leit vun 11 Joer un SCIENCE CLUB 3/2004

Master en langues, cultures et médias Lëtzebuerger Studien. Master académique

An deem Zesummenhank wolit ech déi zoustanneg Ministère bieden, dës Informatioune matzedeelen.

PROGRAMM. Gioachino Rossini. Paul Auster THEMA VUM MOUNT: CHIC A SCHOCK. Komponist vum Mount: Schrëftsteller vum Mount:

«D Sprooch ass d Kleedung vun de Gedanken» «D Sprooch ass d Quell vun alle Mëssverständnesser»

fir Jonker vun 11 bis 18 Joer SCIENCE-CLUB.LU News Charles Darwin Säit /2009

fir Jonker vun 11 bis 18 Joer SCIENCE CLUB News 5/2005

Lies a fléi de Katalog

De European Social Survey eng Europäesch Sozialanalys Erfuersche vun den Attitüde vun der Ëffentlechkeet - Informéieren iwwer d ëffentlech Uerdnung

fir Jonker vun 11 bis 18 Joer SCIENCE CLUB News 3/2006

fir Jonker vun 11 bis 18 Joer SCIENCE CLUB News 3/2005

Komm, o Tod, du Schlafes Bruder Final chorale of cantata Ich will den Kreuzstab gerne tragen (BWV 56)

PROCUREMENT PLAN (Textual Part)

Mam Rucksak duerch d Land Natur pur!

Report to Rapport au: Built Heritage Sub-Committee / Sous-comité du patrimoine bâti January 13, 2015 / 13 janvier and / et

Report to/rapport au : Transportation Committee Comité des transports. and Council / et au Conseil. June 21, juin 2012

Orchestre de la Suisse Romande KAZUKI YAMADA. Roussel. Bacchus et Ariane. Debussy. Six épigraphes antiques. Poulenc. Les Biches

8. LEASE - RIVERAIN PARK OTHER PROPERTIES - NATIONAL CAPITAL COMMISSION BAIL PARC RIVERAIN AUTRE PROPRIÉTÉS COMMISSION DE LA CAPITALE NATIONALE

PROGRAM GUIDE PROACTIVE. LIVELY. PASSIONATE. TELEPHONE: TOLL-FREE: FAX:

DOWNLOAD OR READ : MUSEUMSQUARTIER VIENNA THE ARCHITECTURE PDF EBOOK EPUB MOBI

LivingOnTop! osa - office for subversive architecture /sitios / terreform

DECORI LUXE decorations / décors / Dekore / decoraciones

Report to/rapport au : Finance and Economic Development Committee Comité des finances et du développement économique. and Council / et au Conseil

My 2013 Business Plan

Yarmouth County Registry of Deeds

GRAPHISOFT Sample Event Descriptions

VIAC 2 [ VIAC MAGAZINE

Nasrine Seraji: A Selective Bibliography Compiled by Aileen Smith, November 2004

21-Year Old Filipino Student Wins the National Multi-Lingual Speech Competition in Austria

41/2/9 Student Affairs Programs and Services General Correspondence, Box 1:

Legal base Why a standard file Looking back in time Who is concerned by FAIA Advantages of FAIA Implementation of FAIA Structure of FAIA Other data

and Renzo Piano,

FOR SALE EXQUISITE FAMILY HOME. Bracken House, Cosher, Kilmuckridge, Co Wexford

French Scheme of Work (MFL2/Third Year) Studio 3 Module 1 vert (rouge for extra resources, vocabulary and grammar) 6 lessons per 2 week cycle

Publikationen: Thomas Legler

COOPERATION AND SELF-GOVERNMENT: SOCIOPOLITICAL EXPERIMENTS IN THE NINETEENTH AND TWENTIETH CENTURIES

ERASMUS-FORUM. boeck.max[at]gmail.com annakatharina.sofia.schwarz[at]web.de. carmen_xx[at]web.de. dominikgroll9[at]web.de

Thèmes de recherche. Projets en cours

Berlin: Open City: The City On Exhibition

la maison à Neuchatel observation balcony

Industry Group International Practice

AGRICULTURE AND RURAL AFFAIRS COMMITTEE REPORT JUNE COMITÉ DE L AGRICULTURE ET DES AFFAIRES RURALES RAPPORT 20 LE 13 JUIN 2012

Hoogsteder Groenten en Fruit B.V.

John Eaton FORMATION EDUCATION. High Mowing School, New Hampshire. EXPOSITIONS INDIVIDUELLES SOLO EXHIBITIONS Ottawa Art Gallery, Ottawa

STRUCTURE, mueble de baño de diseño actual e innovador, capaz de adaptarse a los diferentes espacios. Múltiples posibilidades

CELEBRITIES SEANCE 5. Les noms d une quinzaine de personnalités figurant au tableau (pour faciliter le bon déroulement du jeu).

PROCUREMENT PLAN (Textual Part)

home pay register sign in services site map Winning bid: EUR 3, (Approximately US $4,677.48) Mar :09:36 PST

Report to/rapport au : Planning Committee Comité de l'urbanisme. and Council / et au Conseil. June 6, juin 2012

DOWNLOAD OR READ : THE LIMERICK BIBLE PDF EBOOK EPUB MOBI

Report to/rapport au : Planning Committee Comité de l'urbanisme. and Council / et au Conseil. June 18, juin 2012

GCSE German Checklist

The Committee of Three-Le comité des Trois Sages

Organizational Economics, Personnel Economics, Behavioral Economics

CMP annual users meeting, 5 February 2015, Paris 1

Thèmes de recherche. Evaluation du risque immobilier Indices immobiliers Gestion de portefeuille en immobilier. Immobilier d'investissement

PROCUREMENT PLAN (Textual Part)

18. Wahlperiode Drucksache 18/257

ERASMUS-FORUM. bagano[at]hotmail.de johannes.nickl[at]gmx.de Esra_Kaplan[at]gmx.de anik-mueller[at]freenet.de

Report to/rapport au : Planning Committee Comité de l'urbanisme. March 4, mars 2013

3. ProModel Move Logic

DOWNLOAD OR READ : TOM BURKE OF OURS VOLUME II PDF EBOOK EPUB MOBI

Hi, I m. Tell me a little more about your home here.

Patrick Grüneberg (Hg.) Das modellierte Individuum Biologische Modelle und ihre ethischen Implikationen

THE ROYAL DEPOT. January 2018

LAND FOR SALE IN BOERNE 546 S. SCHOOL STREET

EU-China Winter School 2017

Discours De La Methode (French Edition) By René Descartes

0000 NAME: P.C.: L7C1J6 CONTACT: If necessary, please update above information - Si nécessaire, veuillez mettre à jour les renseignements ci-dessus

Alerte de votre conseiller Aperçu d IFRS 16 Comprendre le taux d actualisation

ORDER PAPER and NOTICE PAPER

PROCUREMENT PLAN (Textual Part)

PROCUREMENT PLAN (Textual Part)

KERSTIN BERGENDAL. Name Statement Venue Date / Time

Curriculum at a Glance French 8- Course I Part B

SPECIAL PUBLIC MEETING NOTICE/ AVIS DE SÉANCE EXTRAORDINAIRE PUBLIQUE

7. APPLICATION FOR NEW CONSTRUCTION IN THE CENTRETOWN HERITAGE CONSERVATION DISTRICT AT BANK STREET

Berlin: Photopockets (Photopocket City) By Stefan Dauth

22 / 28 & 36 QUEEN STREET COBOURG ON MIXED-USE CONCEPT STUDY

2. Not enact the Zoning By-law until such time as the Delegated Authority Report for the Draft Plan of Subdivision is approved.

S P R E E L I V I N G

SPECIALIST, EXPERIENCED ADVICE THAT PUTS YOU IN CONTROL OF YOUR CONSTRUCTION PROJECT

REAL ESTATE TECH TRENDS

Land Reform and Land Fragmentation

PLANNING COMMITTEE REPORT JULY COMITÉ DE L URBANISME RAPPORT 34 LE 11 JUILLET ZONING 1008 SHEFFORD ROAD

address:

Future Internet Many Questions One Vision

PETER FISCHLI DAVID WEISS PETER FISCHLI DAVID WEISS PDF PETER FISCHLI UND DAVID WEISS WIKIPEDIA DER LAUF DER DINGE (FILM) WIKIPEDIA

Accounting & Auditing News IFRS 15 Revenue from Contracts with Customers: Part 2C Differences vs. Revenue Related Interpretations

LECTURE UNIVERSITY OF OPOLE, PL WORKING TOGETHER

Report to/rapport au : Agriculture and Rural Affairs Committee Comité de l'agriculture et des affaires rurales. and Council / et au Conseil

12/13 April Day 1 Vienna International Center Wagramer Str Vienna Conference Room C-C4

Real estate. Creating value for properties

Les votes de l'assemblée Générale Ordinaire De stemresultaten van de Gewone Algemene Vergadering 14 mai 2014

Housing Policy Reforms in Post-Socialist Europe

Art Gallery of Sudbury

Philip Jodidio. under one roof epfl artlab in lausanne by kengo kuma

Transcription:

Studentebal 15

04 10 18 22 Wat ass d ACEL? Mir sinn d Studente vu Lëtzebuerg, déi sech a 44 Cerclen ronderëm d Welt zesummefonnt hunn... REEL Interview Wéi all Joer hunn mir dëst Joer och erëm e vollen an ofwiesslungsräiche Programm mat flotte Visiten,... Student fir 1 Dag Als Lycéesschüler 1 Dag liewe wéi e Student, entdecke wéi et ass, op der Uni a Couren ze goen an eng... Tournoi de NoËl 2014 Den Tournoi de Noël, gëtt all Joer am Dezember vun der ACEL an der LASEL organiséiert. Hei trieden... IntercercleN 08 Après-Ski Party zu Fribourg 09 Route du Vin 16 Edelweiss-Express 17 Swisscup 17 Päischtweekend zu Wien 20 Saufest 21 Bonnympiade 2015 2

Editeur ACEL BP 63 L-7201 Bereldange contact@acel.lu www.acel.lu Tel 691 420 539 Redaktioun Eliane Klein Tom Boes Fränz Friederes Grafik, Layout Fränz Friederes oplag 200 Exemplarer Drockdatum 29. Juni 2015 Impressum 3

Assel AAtzÉl D ACEL? Wat dat ass? Mir sinn d Studente vu Lëtzebuerg, déi sech a 44 Cerclen ronderëm d Welt zesummefonnt hunn fir Studenten zesummen ze bréngen, z informéieren, an ze representéieren. Acel Site About Aus engem Grapp voll engagéierte Studenten, déi 1984 decidéiert hunn sech zesummen ze doe fir besser gehéiert ze ginn, ass eng Associatioun ginn, déi net méi aus dem lëtzebuerger Studentemilieu ewech ze denken ass. Vill lëtzebuerger Studente maachen hiert Studium am Ausland. Dëst ass eng eenzegaarteg Situatioun, déi grouss Virdeeler mat sech bréngt. D Association des Cercles d Étudiants Luxembourgeois, d ACEL vertrëtt haut net manner wei 44 Studentencercelen déi duerch d ganz Welt verspreet sinn. Clubmembere vun der ACEL fënnt een also iwwerall, sief et an der Belge a Frankräich, an Däitschland, England, an der Schwäiz, an den USA. Nieft dëse 44 Cerclë sinn och nach 5 fachspezifesch Cerclë Member vun der ACEL (Medeziner, Economisten, Juristen, Psychologen an d Ingenieuren). Dëst mécht d ACEL zum Représentant vu ronn 10.000 Studenten an domat zum gréissten a wichtegste Studentevertrieder zu Lëtzebuerg. 4

Wat ass d'acel 5

JE N ÉTUDIE PAS BANQUE ET CAISSE DʼEPARGNE DE LʼETAT LUXEMBOURG SCHMIDT JIL uniquement Compte Numéro Carte Numéro LU11 2222 3333 4444 5555 100 % JEUNE. 100 % VOUS. Expire Fin 02/20 654321 MON LOOK Pour garder votre look et faire de vos études une réussite. Pour les étudiants de 18 à 30 ans : conditions et infos sur axxess.lu UNIF Banque et Caisse d Epargne de l Etat, Luxembourg, établissement public autonome, 1, place de Metz, L-2954 Luxembourg, R.C.S. Luxembourg B 30775 www.bcee.lu tél. (+352) 4015-1

Zesummebréngen D Réunion Européenne des Etudiants Luxembourgeois versammelt all Joer knapp 150 Lëtzebuerger Studenten an enger europäescher Studentestad. En anert grousst Event ass de Studentebal. Mat sengem eenzegaartege Konzept bréngt en an engem Owend déi verschidde Kulturen an Traditiounen aus deene verschiddenen europäesche Studentestied zesummen. Zum Regruppement vu Studente gehéieren natierlech och déi sëllechen Intercercelen an den Tournoi de Noël. Informatioun Studenten an zukünfteg Studenten informéieren ass enorm wichteg fir d ACEL. Dofir kommen all Joers zwee Guiden eraus, déi Schüler a Studente bei hiren Decisiounen hëllefe sollen. Dëst sinn de Guide du Futur Etudiant an de Guide du Futur Diplomé. Niewent dësen zwou Publikatioune geet d ACEL och regelméisseg an di verschidde Lycéeë fir d Schüler iwwert d Studien ze informéieren. D ACEL an hier Membercercelen sinn och all Joer op der Foire de l Étudiant vertruede fir den zukënfteg Studenten sou gutt a sou vill wie méiglech nëtzlech Informatioune mat op de Wee ze ginn. Representatioun D ACEL vertrëtt de Student vis-à-vis vun den Autoritéiten a verdeedegt hier Rechter. An dësem Kontext steet d ACEL a regelméissegem Dialog mat de verantwortleche Ministèren ënner anerem mam Ministère fir Héischschoulbildung a Forschung. Och d RE- EL gehéiert zum Pilier vun der Representatioun. D ACEL ass awer net nëmmen national aktiv, mee hëlleft och Studenten am Ausland bei Problemer matt Behörden. D ACEL ass ideologesch a politesch neutral, dat heescht dass mir keng bestëmmte parteipolitesch Meenung vertrieden. Dat ass extrem wichteg well mir eisem Usproch, all d Studenten ze representéieren, wëlle gerecht ginn. Wat ass d'acel 7

Wat geschitt wann zwee vun eise Cerclen am Ausland openeen treffen? An der ACEL gëtt dëst Phänomen Intercercle (IC) genannt. Hei ass Plaatz fir kulturell, wei sportlech Aktivitéiten an den een oder aneren Drénksproch. Acel Blog 5. MEE Après-Ski Party zu Fribourg Um 18 Auer sinn déi éischt Léit am Gaart vum Centre Fries empfaange ginn, wou si eng wonnerpräschteg Vue iwwer d Alstad vu Fribourg genéisse konnte. D Studente si gutt mat Béier, Sangria, Willi mit Birne an Gegrilltem versuergt an eise lëtzebuerger DJ huet mat beschter Après-Ski Musik d Stëmmung weider klamme gelooss. Mat ronn 70 Leit, dovunner 24 aus 9 anere Cerclë wéi dem Friblëtz, war d Bud gutt gefëllt. Virun allem eis Lausanner Noperen hunn eis Invitatioun zahlräich ugeholl a souguer e puer Schwäizer si laanscht kucke komm. Nei Kontakter sinn entstan, d Leit hunn sech kennegeléiert an al Kollegen hu sech erëm gesinn. Et ass gedanzt, gesongen a gedronk ginn, kuerz: de Bam huet gebrannt! 8

Acel Blog 7. Juni Route du Vin Den éischte Stopp war zu Voegtlinshoffen beim Joseph Cattin, wat schon net esou einfach ze fanne war mat all senge Bridder a Cousinë, déi och Wënzer am nämmlechten Dierfche sinn Eise Wënzer huet awer direkt gesi wéi duuschtereg mir all waren an huet direkt mat der Degustatioun ugefang. D Karlsruher Ingenieure ware vun de moderne Maschinne begeeschtert. Nodeems gudd Akaf ginn ass, ass d Rees weider op Husseren-Les-Châteaux an de Restaurant gaangen. Während déi eng nach déi eng oder aner Wäifläsch geknackt hunn, hunn e puer Münchener de Spilleck entdeckt an d Zäit esou erëmkritt. Nodeems e puer Peffer- an Zockerfliegeren duerch de Sall geflu sinn an d Personal ëmmer méi genervt vun de Leit war, gouf natierlech och nach een Dësch an d Lut gemaach. Zeréck am Bus op Eguisheim, war ee Passagéier méi u Bord, e Léif huet missen aus dem Restaurant gerett ginn a wollt onbedéngt mat Wäischmaachen an op d Foto. Intercerclen 9

Reel Co ité 2 10

015 REEL Interview 11

Wat erwaard den REELaner dann zu Tréier? Wat mëscht fir iech de Charme vun Tréier aus? Wéi all Joer hunn mir dëst Joer och erëm e vollen an ofwiesslungsräiche Programm mat flotte Visiten, interessanten Diskussiounen, Virträg, an guddem Iessen. Also alles an allem gëtt et eppes fir d Aen, fir de Kapp, fir de Mo an och fir d Liewer. Tréier ass déi eelsten Staat an Däitschland an dat erkennt een och un deene sëllegen réimesche Gebeier. Mat ville klenge Caféen an Iessensméiglechkeeten ass Tréier ausserdem interessant fir all Student. Wéi et sech fir eng Miseler Metropol gehéiert ginn et zu Tréier vill Wäifester, wou och mol deen een oder aneren Patt Wäin gedronk gëtt. An der Gebuertsstaat vum Karl Marx, wou och den Guildo Horn d Lafen geléiert huet, léisst et sech als Student gutt liewen. 12

Doduercher datt déi meescht Lëtzebuerger schon zu Tréier waren an sech hei auskennen, kommen vill REELaner mat nidderegen Erwaardungen un d Staat op Tréier. Dofir wëllen mir mat eisem Programm de Leit en neien Abléck verschafen. Ausserdeem wäerten mir dëst Joer net nëmmen mam Bus ënnerwee sinn, mee och déi eng oder aner Streck mam Schëff oder zu Fous zeréckleeën. Doduerch wäert een dann nach méi vun der Stad gesinn. A wat ënnerscheed dës REEL vun deenen aneren 30? Ier dir är Valise paakt sollt dir an ärem Kleederschaf op d Sich no Relikten aus den 80er an 90er Joren goen. Dës Kleeder duerft dir op keen Fall vergiessen anzepaaken. Vergiesst och net d Fudder fir den Dr. Bibi anzepaaken, ganz wichteg! Wat däerf een op kenge Fall vergiessen wann een op d REEL zu Tréier kënnt? REEL Interview 13

#ZesummeGeintDeK D Lëtzebuerger Wéi ugekënnegt ass d ACEL Acel Blog 28. Mäerz de Weekend vum 28. Mäerz beim Relais pour la Vie dobäi gewiescht fir mat hiere Memberen en Zeechen ze setzen. 39 vun eise Studenten hunn sech an engem Grupp zësummefonnt fir mat iwwer 10 000 weideren Partizipanten solidaresch géint de Kriibs ze laafen. Dëst 23 Stonnen um Stéck d Auer gouf an der selwechter Nuecht geréckelt.

Studenten riibs

Acel Blog 7. Juni Edelweiss-Express Och 2015 huet den Ebbelwoiexpress 3.0 de lëtzebuerger Studenten en onvergiessleche Weekend zu Frankfurt gebueden. Zousätzlech zum Numm Kappweiexpress, nom Gedanken an Empfannen vum Ouschi, gouf den alen Tram dëst Joer zum Edelweiss-Express nom Jos, Mops oder och nach Kevin Mousel genannt, gedeeft. No engem traditionellen Tour laanscht vill Attraktiounen si mir an der Wirtschaft ukomm, prett vir déi bekannte Frankfurter Grüne Soße. Déi léif Serveuren mat Spëtznimm Dick&Doof konnten sech net tëscht Bewonnerung a Roserei eis géigeniwwer entscheeden. Mat ambivalente Gedanken sinn d Studenten Richtung Alt-Sachs weidergezunn. 16

Acel Blog 23. Mee Swisscup Dëst Joer hun d Meedcher kee Fussball geinteneen gespillt, mee Uni-Hockey. Lausanne wor de Gewenner. Beim Volleyball woren d Sportler zwar midd, mee d Supporteren vun Lausanne, Zürich, Fribourg an Sankt Gallen hunn fir déi néiged Stemmung gesuergt. Hei konnten dann d Fribourger Studenten hier éischt Victoire vum Tournoi féieren. Geint 17h00 war den Tournoi dun eriwwer, an d Coupen goufen verdeelt. Päischtweekend zu Wien Acel Blog 14. Juni Eurovision Song Contest, Päischten, verlängerten Weekend. Aus dësem Grond huet den LSW décideiert eng Woch nom Saufest nach een Intercercle unzebidden. Gutt, dass d Oochener Studenten hir alljährlech Kulturrees dëst Joer op Wien geplangt haten. Zwee Owender goufen zësumme verbruecht: Freides Owes sinn puer LSW Léit mat den Gäscht an den Travel Sack gaangen, de Samsten hu mir eis zu 35 Persounen am Hofbräuhaus getraff. Intercerlcen 17

Dag Als Lycéesschüler 1 Dag liewe wéi e Student, entdecke wéi et ass, op der Uni a Couren ze goen an eng Unisstad zesumme mat Studenten entdecken. Dat alles erméiglechen engem d ACEL an hire Membercerclen. Wou ass d Bibliothéik? A wei engem Gebai fannen ech d Sekretariat? Schmaacht Acel Blog 19. Mäerz d Pizza hei genee esou gutt wéi doheem? A wou fannen ech ee flotte Café fir Owes ee bëssi ofzeschalten? Dës an nach vill aner Froe stellen sech Joer fir Joer eng Réi Schüler déi de grousse Sprong op d Uni woen. Fir déi zukünfteg Studenten esou gutt wei méiglech op hiren neie Liewensofschnëtt virzebereeden an hinnen déi néideg Informati ounen ze liwweren huet d ACEL och dëst Joer nees säi Projet «Student fir 1 Dag», an Zesummenaarbecht mat Voyages Emile Weber an de verschiddene Studentecercelen, organiséiert. Während der Ouschtervakanz goufen dëst Joer Dagesreesen op Köln, Kaiserslautern, Stroossbuerg, Karlsruhe, Saarbrécken, Oochen, Bonn an Léck ugebueden. D Ziel ass et de Schüler op der Platz d Uni, de Campus mä awer och d Stad selwer vun aneren lëtzebuergeschen Studen ten weisen an er- 18

klären ze loossen. Sou stoung bei all Rees eng Visite vun der Uni, vun deene wichtegste Gebaier vum Campus, z.bsp de Café an den Hörsaal, um Programm. Op den techneschen Unien haten d Schüler esouguer d Méiglechkeet sech divers Projete vun de Studenten un zekucken. D Visite vun der Uni gouf mat engem Mëttegiessen an der Kantinn ofgeronnt. Nomëttes stoung ee bëssi Sightseeing vun der Stad um Programm an dobäi kruten d Studenten allerlee nëtzlech Tipps zum Studenteliewen. Weider Informatiounen zu de Reese ginn et op der Foire de l Etudiant op de Stänn vun der ACEL an de Studentecercelen, mä awer och um Site www.acel.lu a via contact@acel.lu. Op dëser Platz wëllt d ACEL senge Partner, besonnesch Voyages Emile Weber, Merci soen, well ouni déi, d ganz Organisatioun vun de Schülerreesen net méiglech gewiescht wär. Merci och un déi verschidden Studentecerclen déi ëmmer mat grousser Motivatioun de Projet ënnerstëtzen an de Schüler ee Bild vun hirer Uni an hirer Stad ginn. Student Fir Student fir 1 Dag 19

Acel Blog 10. Juni Saufest Och dëst Joer huet den LSW daat traditionellt Saufest organiséiert. Et war awer net e normaalt Saufest wei déi Joeren virdrun! Den LSW huet seng 40 Joer gefeiert. Aus dësem Ulass ass och d lëtzebuergesch Ambassade an LÖG (luxemburgisch-österreichische Gesellschaft) agelueden ginn e Patt drénken ze kommen. Um 12 Auer ass et dunn lass gaang. Déi éischt Membere sinn ukomm a lues a lues huet sech d Plaatz ëmmer méi gefëllt. Glécklecherweis huet d Wieder och matgespillt. Wéi de Numm et schonns seet, et ass e SAUfest. Dofir huet de Comité sech geduecht et wier flott fir de Gebuetsdag uerdentlech ze féieren, eng Sau ze bestellen. Memberen waren begeeschtert a kuerz drop war schonn näischt méi vun der Sau iwwreg. 20

Acel Blog 20. Juni Bonnympiade 2015 5 Equipen mat insgesamt 19 Athleten hun hei Gescheck,- Teamgeescht an Koordinatioun ënner Beweis gestallt. Hei dei 6 Spiller an der Iwwersicht: Neel aklappen Mat engem Rouer een Nool mat esou man wei méiglech Schlei an een Steck Holz aklappen Nuckeleemer Een Bechermat engemn uckeleemer fellen an desen Becher Slalom transportéiren. Frisby Mat engem Frisby iwert 4 verschidden Posten sou villwei meiglech Ronnen oofschleissen, andeems de Frisby vu Posten zu Posten geschoss gett. Memory een Riesen- Memory Spill Seel-ketten mat engem Seel wat durch d Kleeder vun ganzen Team gezunn gett,d Teamverbannen an een Parcours oofschleissen Schubkarren-rennen Als Team sou seier wei meiglech 10 Ronnen mat enger menschlecher Schubkarr oofschleissen. Intercerclen 21

Tournoi de Noël Den Tournoi de Noël, gëtt all Joer am Dezember vun der ACEL an der LASEL organiséiert. Hei trieden d lëtzebuergesch Studenten aus allen Stied am Fussball, Basket an Volleyball géinteneen un. Acel Blog 24. DEZ Och dëst Joër konnten sech d Cerclen erem um traditionellen Tournoi de Noel ënner Beweis stellen. An de Kategorië Volleyball, Basket a Fussball hu 24 Cerclen hiert Bescht ginn an dobäi nach déi eng oder aner Kalorië verbrannt. D ACEL huet d Equippen an hir Supportere mat Bréidercher an Gedrénks gestäerkt an d Gewënnerequippen hunn och, wéi sech dat natierlech gehéiert (oder och net), ee Faass zum beschte ginn an hunn domadder den Dag flott ausklénge gelooss hunn. Mir gratuléieren heimatter dann och de Gewënnerekippen a besonnesch Köln fir hiren «Doublé». Volleyball Köln Oochen Freiburg Basketball Köln Oochen Wien Fussball Uni.lu München Bastogne 22

Are you cut out for big challenges? Luxembourg. Shape your future It s your career. With an ever growing firm of now more than 1,700 employees and over 45 nationalities, Deloitte Luxembourg is one of the leading professional service organisations specialising in audit, tax, financial advisory and consulting. Our standards of high performance come from our focus on the continuous development of each individual in order to help you reach your full potential. This is because we believe our strength comes from our teams who strive to provide quality solutions for our clients. Start exploring new opportunities alongside the experts and discover where your talent takes you. What will you make of it? Learn more about our firm and apply online at: www.deloitte.com/lu/careers Intercerclen 23 2015. For information, contact Deloitte Touche Tohmatsu Limited.

D Lidderbuch App, elo um App Store fir däin iphone