Iwwersetzung Maacht et richteg!

Similar documents
EDITIOUN STUDENTEBAL 2014 DE BOB

Budgetsried Budget Pierre Gramegna, Seul le discours prononcé fait foi. Fir eng modern a solidaresch Gesellschaft

«D Sprooch ass d Kleedung vun de Gedanken» «D Sprooch ass d Quell vun alle Mëssverständnesser»

Lies a fléi de Katalog

fir jonk Leit vun 11 Joer un SCIENCE CLUB 3/2004

Master en langues, cultures et médias Lëtzebuerger Studien. Master académique

An deem Zesummenhank wolit ech déi zoustanneg Ministère bieden, dës Informatioune matzedeelen.

Mir sinn d Studente vu Lëtzebuerg, déi sech a 44 Cerclen ronderëm d Welt zesummefonnt hunn...

PROGRAMM. Gioachino Rossini. Paul Auster THEMA VUM MOUNT: CHIC A SCHOCK. Komponist vum Mount: Schrëftsteller vum Mount:

fir Jonker vun 11 bis 18 Joer SCIENCE CLUB News 5/2005

De European Social Survey eng Europäesch Sozialanalys Erfuersche vun den Attitüde vun der Ëffentlechkeet - Informéieren iwwer d ëffentlech Uerdnung

fir Jonker vun 11 bis 18 Joer SCIENCE-CLUB.LU News Charles Darwin Säit /2009

fir Jonker vun 11 bis 18 Joer SCIENCE CLUB News 3/2006

fir Jonker vun 11 bis 18 Joer SCIENCE CLUB News 3/2005

Mam Rucksak duerch d Land Natur pur!

18. Wahlperiode Drucksache 18/257

home pay register sign in services site map Winning bid: EUR 3, (Approximately US $4,677.48) Mar :09:36 PST

GCSE German Checklist

Patrick Grüneberg (Hg.) Das modellierte Individuum Biologische Modelle und ihre ethischen Implikationen

Komm, o Tod, du Schlafes Bruder Final chorale of cantata Ich will den Kreuzstab gerne tragen (BWV 56)

Housing Policy Reforms in Post-Socialist Europe

Berlin: Photopockets (Photopocket City) By Stefan Dauth

FRANKFURT AM MAIN METROPOLREGION AUF WACHSTUMSKURS CLUB DES AFFAIRES DE LA HESSE BUSINESS LUNCH

3. ProModel Move Logic

0000 NAME: P.C.: L7C1J6 CONTACT: If necessary, please update above information - Si nécessaire, veuillez mettre à jour les renseignements ci-dessus

PROCUREMENT PLAN (Textual Part)

Anti-Kriegsliteratur Zwischen Den Kriegen ( ) In Deutschland Und Schweden (Acta Universitatis Stockholmiensis) (German Edition)

Hoogsteder Groenten en Fruit B.V.

Les votes de l'assemblée Générale Ordinaire De stemresultaten van de Gewone Algemene Vergadering 14 mai 2014

LivingOnTop! osa - office for subversive architecture /sitios / terreform

Exposé zum Gewerbeobjekt

DOWNLOAD OR READ : MUSEUMSQUARTIER VIENNA THE ARCHITECTURE PDF EBOOK EPUB MOBI

OFFICIAL RESULTS. Up-to-Date results summaries for... President of the United States 1 position per party. Republican. Democrat

PROCUREMENT PLAN (Textual Part)

21-Year Old Filipino Student Wins the National Multi-Lingual Speech Competition in Austria

ERASMUS-FORUM. boeck.max[at]gmail.com annakatharina.sofia.schwarz[at]web.de. carmen_xx[at]web.de. dominikgroll9[at]web.de

REPORTS OF INTERNATIONAL ARBITRAL AWARDS RECUEIL DES SENTENCES ARBITRALES

ANBETUNGSLIEDER. Vier- bis achtstimmige Sätze von Jochen Rieger KLAVIERPARTITUR

KONFORMITÄTSERKLÄRUNG DECLARATION OF CONFORMITY

ERASMUS-FORUM. bagano[at]hotmail.de johannes.nickl[at]gmx.de Esra_Kaplan[at]gmx.de anik-mueller[at]freenet.de

Orchestre de la Suisse Romande KAZUKI YAMADA. Roussel. Bacchus et Ariane. Debussy. Six épigraphes antiques. Poulenc. Les Biches

DECORI LUXE decorations / décors / Dekore / decoraciones

III Methods 10 VIPs of World History (Klasse 9/10) 1 von 12

PROCUREMENT PLAN (Textual Part)

Key Buildings Of The Twentieth Century: Plans, Sections And Elevations (Key Architecture Series) By Richard Weston READ ONLINE

Individual and Mass Valuation Present and Future Practices

DIETER KERTSCHER, GLL Braunschweig, Committee of Experts on Real Estate Values

Report to/rapport au : Agriculture and Rural Affairs Committee Comité de l'agriculture et des affaires rurales. and Council / et au Conseil

DOWNLOAD OR READ : THE LIMERICK BIBLE PDF EBOOK EPUB MOBI

Documentation And Library Associations in Germany During The 20 th Century - A Short Analysis

City of Stockton Official Records in San Joaquin County Historical Society and Museum (Feb. 11, 2010)

CENTRALLY LOCATED, EASY TO REACH, POPULAR.

Report to/rapport au : Planning Committee Comité de l'urbanisme. March 4, mars 2013

Studies in Mongolic Historical Morphology

Werbeflächen für Sponsoren und Aussteller des DGGG 2018

The Architect In Practice. By David Chappell

Report to/rapport au : Agriculture and Rural Affairs Committee Comité de l'agriculture et des affaires rurales. and Council / et au Conseil

DOWNLOAD OR READ : THOMAS SADOWSKI PDF EBOOK EPUB MOBI

PROCUREMENT PLAN (Textual Part)

The Committee of Three-Le comité des Trois Sages

NELGA GOOD PRACTICES. Training Workshop on Effective Land Administration in Africa

41/2/9 Student Affairs Programs and Services General Correspondence, Box 1:

PETER FISCHLI DAVID WEISS PETER FISCHLI DAVID WEISS PDF PETER FISCHLI UND DAVID WEISS WIKIPEDIA DER LAUF DER DINGE (FILM) WIKIPEDIA

Thèmes de recherche. Projets en cours

Report to/rapport au : Transportation Committee Comité des transports. and Council / et au Conseil. June 21, juin 2012

Koudjay SYDNEY GUILLAUME. Music by. for SSA Chorus, unaccompanied. Text by GABRIEL T. GUILLAUME. Copyright 2008 Sydney Guillaume All Rights Reserved

Nuclear Waste Disposal in France: the Contribution of Economic Analysis

2. Not enact the Zoning By-law until such time as the Delegated Authority Report for the Draft Plan of Subdivision is approved.

CPPDSM4003A Appraise property

and Renzo Piano,

GRAMMAIRE PROGRESSIVE DU FRANCAIS: AVEC 500 EXERCICES BY MAIA GREGOIRE, ODILE THIEVENAZ

Report to Rapport au: Built Heritage Sub-Committee / Sous-comité du patrimoine bâti January 13, 2015 / 13 janvier and / et

Toward An Architecture (Getty Research Institute) By A01 Le Corbusier

DOWNLOAD OR READ : MANOR OF DISPOSITION PDF EBOOK EPUB MOBI

Planning and Building Exhibition (Schweizerische Architektur Ausstellung). View of the exhibition at the Staatenhaus der Kölner Messe, Cologne, 7

Yarmouth County Registry of Deeds

Report to/rapport au : Planning Committee Comité de l'urbanisme. and Council / et au Conseil. May 23, mai 2012

Discours De La Methode (French Edition) By René Descartes

INSPECTIONS Evolution and History:

SPECIAL PUBLIC MEETING NOTICE/ AVIS DE SÉANCE EXTRAORDINAIRE PUBLIQUE

[PDF] ARCHICAD SERVICE MANUAL DOWNLOAD

Certify your knowledge. Enhance your credibility. Boost your confidence. Fast-track your career. CREDENTIAL PROGRAMS

la maison à Neuchatel observation balcony

Report to/rapport au : Finance and Economic Development Committee Comité des finances et du développement économique. and Council / et au Conseil

BUILD-TO-SUIT PROGRAM

Dopheide Family Association

West Coast Sóller. Puerto de Sóller. Valldemossa. Deià. West Coast. Puerto de Sóller. Exclusive to. Engel & Völkers

Develop a GIS-based Electronic Mark Plant Circulation System in a collaborative and end-user computing approach

Focloir Poca: English-Irish Irish-English Dictionary By Lelia Ruckenstein

Six Proven Models for Change

DOWNLOAD OR READ : TRUMP UNIVERSITY COMMERCIAL REAL ESTATE 101 HOW SMALL INVESTORS CAN GET STARTED AND MAKE IT BIG PDF EBOOK EPUB MOBI

22 / 28 & 36 QUEEN STREET COBOURG ON MIXED-USE CONCEPT STUDY

What Stalin Knew: The Enigma Of Barbarossa By David E. Murphy READ ONLINE

CONTES De PERRAULT By Charles Perrault

INSTALLATION OPERATION MAINTENANCE WARRANTY INFORMATION

Sample Procurement Plan

Towards an Efficient Property Markets in Lithuania the Impact on Valuation

briefwechsel mit freunden bis pdf LEBEN IN BRIEFEN BD 3 briefwechsel mit freunden bis pdf Briefwechsel Mit Freunden Bis Zu Seiner Uebersiedelung

Penthouse 2013 Lingerie Calendar By Penthouse

FILED: NEW YORK COUNTY CLERK 10/15/2012 INDEX NO /2011 NYSCEF DOC. NO. 70 RECEIVED NYSCEF: 10/15/2012

Transcription:

Iwwersetzung Maacht et richteg! Eng Hëllef, fir Iwwersetzungen ze kafen

D Sich no engem gudde Prestataire fir eng Iwwersetzung ka frustrant si fir e Client, deen net dacks mat Friemsproochen ze dinn huet. D Rotschléi an dësem Bichelche sollen derzou bäidroen, Stress ze vermeiden an de Maximum aus Ärem Budget fir eng Iwwersetzung ze maachen. F: Wat ass den Ënnerscheed tëschent Iwwersetzen an Dolmetschen? Ä: En Iwwersetzer schreift, en Dolmetscher schwätzt. Schafft Der mat geschriwwenen Dokumenter? Wa jo, da braucht Der en Iwwersetzer. Beispiller: en Handbuch fir Är däitsch Clienten, Affichë fir eng Publicitéitscampagne an Argentinien, Rapporte vun Ärer neier Filial zu Schanghai op Chinesesch, déi Der musst kënne liesen a verstoen. Wëllt Der op der Plaz mat Leit an enger Friemsprooch kommunizéieren? Wa jo, da braucht Der en Dolmetscher. Beispiller: bei enger Visite vun engem Laboratoire mat Visiteuren aus dem Ausland, bei enger Conseilssëtzung mat frieme Geschäftspartner, bei enger Eltereversammlung mat enger Famill, déi eréischt viru kuerzem op Lëtzebuerg geplënnert ass. 2 3

Soll alles iwwersat ginn? Éier Der blannemännerches ganz Dokumenter iwwersetze loosst, decidéiert, wat d Haaptinformatioune sinn. Generell gesi kënnt Der iwwerflëssege Schnickschnack ewechloossen, ewéi zum Beispill Remerciementen, déi un intern Departementer geriicht sinn. Fir Är auslännesch Cliente sinn déi net wichteg. Esou Passagë riskéieren esouguer, auslännesche Partner a Clienten en egozentrescht an arrogant Bild vun Ärer Entreprise ze vermëttelen. E Bild seet dacks méi aus ewéi en Text Erschlot Äre Lieser net mat laange Rieden Kaarten, Piktogrammen oder Diagramme si fir d Lieser a verschiddene Länner dacks méi verständlech ewéi allze laang Texter an technesch Beschreiwungen. Dir vereinfacht dem Iwwersetzer d Aarbecht, well dee soss vläicht de richtege Fachbegrëff net ze pake kritt hätt. An esou gëtt d Iwwersetzungsaarbecht Iech ënner Ëmstänn esouguer méi bëlleg. A Frankräich krut eng Entreprise en Handbuch vu 500 op 230 Säite reduzéiert, well e professionellen Iwwersetzer all d Passagen, déi net fir Clienten am Ausland relevant waren, markéiert hat, éier e mat Iwwersetzen ugefaangen hat. A Kalifornien gräift eng Affekotenetude regelméisseg op e spezialiséierten Iwwersetzer zeréck, dee japanesch Patentdokumenter duerchkuckt a mëndlech resuméiert. Zesumme siche se dann Dokumenter eraus, déi ganz mussen iwwersat ginn. De schwedesche Miwwelproduzent Ikea ass a 40 Länner mat 375 Geschäfter a mat 30 Sprooche präsent. D Beschreiwunge fir d Zesummebaue vun de Miwwele bestinn zu 80 % aus Biller. Text gëtt nëmme fir déi 20 % Informatiounen agesat, déi d Sécherheet betreffen. Am Fluchhafe vu London Heathrow verloosse sech all Joer 65 Millioune Passagéier aus aller Welt op d universell Symbolik vu Piktogrammen, fir sech an de fënnef Terminals ze orientéieren. Loosst nëmmen déi wierklech relevant Abschnitter vun Ären Dokumenter Gebraucht Text nëmmen dann, wann et néideg iwwersetzen, oder kierzt Är Texter, fir dës ass, oder dann, wann et déi bescht Manéier ass, dann iwwersetzen ze loossen. fir Äre Message un d Leit ze bréngen. 4 5

Denkt international vun Ufank un Evitéiert lännerspezifesch Clichéen (zum Beispill aus dem Sport oder der Kultur), a gitt virsiichteg mat delikaten Themen ëm (Undeitungen op Kierperdeeler kënnen, je no Kultur, ganz anescht opgeholl ginn). Baut Är Dokumenter net ganz op Illustratiounen oder Biller op, déi am Ausland vläicht net dat nämmlecht aussoen. Dobäi evitéiert Der och, datt den Iwwersetzer sech holpreg Wuertspiller a schwéierfälleg Ëmschreiwunge muss afale loossen, fir allméiglech Malentenduen aus dem Wee ze raumen. En amerikaneschen Auteur huet e Buch fir Teenager an der Pubertéit geschriwwen a bal nëmme Beispiller aus dem Baseball-Milieu geholl. Um däitsche Maart konnten d Leit sech awer net richteg mat deene Beispiller identifizéieren: D Buch hat och net deeselwechte Succès ewéi an den USA an et ass an de Librairië stoe bliwwen. Wat kascht eng Iwwersetzung? D Präisser variéiere vun 1 bis 10. Och wann engersäits héich Präisser net onbedéngt eng gutt Qualitéit garantéieren, kënnt Der anerersäits ënner engem bestëmmte Präisniveau net mat engem qualitativ héichwäertegen Text rechnen, deen Ärem Betrib an Äre Produkter gerecht gëtt. Vun engem Iwwersetzer, deen de Loun vun engem Babysitter kritt, kënnt Der net erwaarden, datt en Ärem Betrib um internationale Marché déi Opmierksamkeet bréngt, déi e verdéngt. Sidd realistesch. Wéi vill Säite kann en Iwwersetzer an enger Stonn produzéieren? Wéi vill Zäit muss hien an Ären Aen dermat verbréngen, fir um Text ze feilen? (Wéi vill Zäit huet Är Equipe gebraucht, fir d Original opzesetzen?) Éier Dir Iech e Prestataire eraussicht, denkt drun, wéi vill Zäit a Suen Der ausginn hutt, fir Är Exportstrategie ze entwéckelen. Wann Der Iech keng professionell Iwwersetzung kënnt leeschten, sidd Der vläicht einfach nach net prett fir op den internationale Marché. Op den éischte Bléck schéngen Et deet net wéi, wann e puer lännerspezifesch Iwwersetzungsbüroe vläicht deier, mä Elementer an Ären Texter stoe bleiwen, awer d Leeschtungen, déi se bidden (de richtegen kuckt mat Ärem Iwwersetzerteam, ob eng Iwwersetzer eraussichen, de Suivi vum Projet maachen, Adapatioun méiglech ass. An denkt drun, d Telefons- an d Qualitéit kontrolléieren, d Dateie konvertéieren, d Faxnummeren am internationale Format a mat der méisproocheg Dokumenter eenheetlech zesummestellen) Virwal unzeginn. hëllefen Iech um Enn, Zäit a Käschten ze spueren. 6 7

Wéi wichteg ass de Stil? An engem Hotel huet d Personal sech gewonnert, firwat déi däitsch Touristen um Buffet esou gelaacht hunn. Op engem Schëld stoung Brust der Türkei. Do hat wuel een dat Englescht Turkey breast mam Dictionnaire iwwersat an déi falsch Iwwersetzung geroden: turkey bedeit nämlech net nëmmen Tierkei, mä och Dinde. Dacks gouf den Text vun engem Computer iwwersat oder vun engem Amateur, dee sech mat Grammairesbuch an Dictionnaire duerch en Text gekämpft huet, ouni d Zilsprooch richteg ze beherrschen. Se dinn ee vläicht schmunzelen, mä dat war et dann awer och schonn. Aner Iwwersetzunge sinn zwar inhaltlech korrekt, mä d Sätz fléissen net an d Syntax wierkt holpreg, oder et spiert een den Afloss vun der Ausgangssprooch an der Sazstruktur an um Choix vun de Wierder. Esou Texter sinn net fir Marketing gëeegent, mä se ginn duer fir e Lieser, dee sech mam Sujet auskennt oder tëschent den Zeile ka liesen (an déi Zäit och huet). Korrekt Iwwersetzungen, deenen awer nach de leschte Schlëff feelt, ginn dacks als reng informativ - Iwwersetzunge bezeechent. Dës kënne méi schnell a méi bëlleg produzéiert ginn ewéi Texter, déi solle publizéiert ginn. Wann Der eppes wëllt verkafen oder ee musst iwwerzeegen, oder wann den Image wichteg ass, da ginn esou Iwwersetzungen net duer. Vill Prestatairë maachen eng reng informativ Iwwersetzung a keng Adaptatioun. Fir all Mëssverständnes aus dem Wee ze goen, kläert dëse Punkt direkt am Ufank, an am Beschte schrëftlech! 8 9

Maacht et net selwer Schwätzen ass net Schreiwen. Eng Sprooch gutt kënne schwätzen, heescht net, datt een e fléissende Stil huet. Esouguer wann Der mat vill Succès op Franséisch, Däitsch a Spuenesch verhandelt, an och vill Zäit an de Länner verbréngt, an deenen dës Sprooche geschwat ginn: esoubal Der eppes schrëftlech verfaasst, gitt Der normalerweis direkt als Auslänner erkannt. Ass dat e Problem? Net onbedéngt, wann (1) de Präis d Haaptargument fir de Verkaf ass (Clienten, déi op de Präis kucken, sinn um sproochlechen Niveau net esou kriddeleg, wann d Haaptausso stëmmt), oder (2) wann eng friem Prägung vum Text erwënscht ass. (Denkt un de Gérard Depardieu, deen an enger Reklamm Lëtzebuergesch schwätzt). Maacht Ären Text fäerdeg, ier Der d Iwwersetzung lancéiert Och wann een tentéiert ass, den Iwwersetzungsprojet esou séier ewéi méiglech unzefänken: wann d Iwwersetzer just en Entworf, un deem nach geschafft gëtt, als Basis hunn, kascht dat Iech mat grousser Wahrscheinlechkeet um Enn méi Zäit, méi Geld an och méi Nerven, ewéi den Text ze finaliséieren an dann (eréischt) d Iwwersetzung ze lancéieren. Wat méi Versiounen dertëschentkommen, wat d Wahrscheinlechkeet méi grouss ass, datt sech Feeler aschläichen. Ass en internationalen Image fir Iech wichteg? Heiansdo bleift Iech näischt anescht iwwereg. An deem Fall ass méiglecherweis eng manner Heiansdo sinn d Delaien esou kuerz, datt lännerspezifesch Approche besser. A ville d Iwwersetzung muss lancéiert ginn, éier den Kulture gëtt en noléissegen oder falsche Gebrauch vun Originaltext fäerdeg ass. Kuckt, datt all Versioun der Nationalsprooch net als amüsant oder charmant, mä nummeréiert an datéiert ass, a markéiert déi respektiv als eng Beleidegung empfonnt. Ännerunge fir Är Iwwersetzer. 10 11

Wat daacht eng Iwwersetzungssoftware? Wann Der ënner Zäitdrock sidd an en Text, deen an enger anerer Sprooch geschriwwen ass, fir den interne Gebrauch wëllt méi verständlech maachen, kann eng maschinell Iwwersetzung nëtzlech sinn. Déi ass séier gemaach, a méi bëlleg ewéi gratis fënnt sech kaum! Eng Grondregel ass, datt Der eng Computeriwwersetzung fir eng Publikatioun op kee Fall ouni den ausdrécklechen Accord vun Äre Cliente fräigitt. Se ass einfach net dofir gëeegent: Dir riskéiert, inkohärent, vläicht esouguer lächerlech, eriwwerzekommen. Eng Optioun ass et, déi automatesch Iwwersetzung vun engem erfuerenen mënschlechen Iwwersetzer iwwerschaffen ze loossen, och wann net all Iwwersetzer esou eng Aufgab akzeptéiert. Vill Iwwersetzer hiewen ervir, datt computergeneréiert Iwwersetzungen esou schlecht sinn, datt se besser hunn, nees ganz vu vir unzefänken. De Wall Street Journal huet zwee gratis online Iwwersetzungsservicer getest, an ass zu dëser Schlussfolgerung komm: Dës Servicer kënne passabel si fir Touristen oder fir e Bréif vun engem klenge Koseng ze verstoen. Ech géif se definitiv ni fir d Aarbecht gebrauchen, oder fir eppes, wat iergendwéi Präzisioun verlaangt. (A Closer Look) Iwwersetzungssoftwaren, déi fir spezifesch Sproochekombinatiounen a Fachjargonen entwéckelt goufen, liwwere besser Resultater ewéi d Produite fir de Grand public. Déi Programmer kaschten awer hire Präis, an och hei kann an de seelenste Fäll op e Relecteur verzicht ginn. 12 13

Setzt Ären Iwwersetzer an d Bild Eng Ried ass keen Internetsite. Eng Broschür ass kee Katalog. D Iwwerschrëft vun engem Diagramm ass keen Text op engem Schëld. E Rapport annuel ass keen Artikel an enger bëlleger Zäitschrëft. De Stil, d Aussprooch, de Choix vun de Wierder, d Formuléierung, d Längt vum Saz alles variéiert je nodeems, wou den Text verëffentlecht gëtt an deemno wat Der dermat wëllt erreechen. E routinéierten Iwwersetzer wäert Iech dës Informatioune froen an Dir sollt drop äntwere kënnen. Wat Der méi laang mat den Iwwersetzer zesummeschafft, wat se Är Geschäftsphilosophie, Är Strategie an Är Produkter besser kennen a wat hir Texter méi effikass sinn. Enseignanten, Akademiker a Studenten: Opgepasst, Risiko! Vill Entreprisen, déi friemsproocheg Texter ze iwwersetzen hunn, wenne sech fir d alleréischt emol un d Sproochesektioun vun enger Schoul oder vun enger Uni. Dëst kann heiansdo fir intern Iwwersetzunge funktionéieren (wann Dir zum Beispill wëllt erausfannen, ëm wat et geet), fir Marketingstexter ass dës Method awer extrem riskant. Eng Friemsprooch ze enseignéieren ass eng exigent Aarbecht, fir déi ee speziell Kompetenze brauch. Dat si meeschtens awer net déiselwecht, ewéi fir eng fléissend an elegant Iwwersetzung ze maachen. De Risiko ass nach méi grouss, wann Äre Choix op Iwwersetzungsstudente fält, och wann déi Optioun flott a bëlleg schéngt. Wiert Dir dermat averstanen, datt Medezinstudente kleng oder manner wichteg Operatioune maachen, fir sech hire Studium ze Sot den Iwwersetzer ëmmer, wat den Zweck bezuelen? (Géift Dir soen, Är Broschür / Äre Bréif / Äre vun Ärem Text ass, fir datt se eng Versioun an Rapport Annuel / Är Ried wier manner wichteg?) Géift Dir enger friemer Sprooch kënne virbereeden, déi Äre Bilan vun engem Ekonomiesstudent maache loossen, déi maximal Wierkung op déi gewënschten Zilgrupp huet. fir Geld ze spueren? 14 15

E professionellen Iwwersetzer iwwersetzt a seng Mammesprooch Wat fir eng Sprooch schwätzen Är Lieser? Wëllt Dir Äre Katalog op Däitsch an op Russesch iwwersetze loossen? Da vertraut d Aarbecht engem däitschen an engem russesche Mammesproochler un. Iwwersetzer, deenen hir Mammesprooch z. B. Englesch ass, iwwersetzen aus enger Friemsprooch an d Englescht. En Iwwersetzer, deen dës Deontologie net respektéiert, negligéiert méiglecherweis och nach aner wichteg Kritäre vun enger gudder Iwwersetzung. Jo, et gëtt Ausnamen. Awer net vill. Ären Interlocuteur behaapt, hie wier eng Ausnam? Frot, fir seng Aarbecht ze gesinn. Wann den Inhalt stëmmt an den Text sech gutt liest, firwat net? Heiansdo acceptéiert en Iwwersetzer, deen sech gutt an engem spezifesche Beräich auskennt, fir an eng Friemsprooch ze iwwersetzen. An deem Fall muss d Iwwersetzung ganz genee vun engem Mammesproochler mat guddem Sproochegefill iwwerlies ginn, ier se an den Drock geet. Soll et Spuenesch si fir Cliente vu Madrid oder vu Mexico City? Englesch fir England oder fir Amerika? Kontaktéiert Är Partner am Ausland, fir genee festzeleeën, wat gebraucht gëtt. De Sproochenniveau ass och wichteg. Soll et Däitsch si fir Dokteren a Personal aus dem professionelle medezinesche Milieu oder fir Patienten? Verkaaft Der dem normale Konsument gär eng Liewensversécherung oder bitt Der Är Investmentfongen op enger internationaler Finanzplaz un? Denkt och drun, datt Der a verschiddene Länner eng Geldstrof riskéiert, wann Der Dokumenter net a méi Sproochen zur Verfügung stellt, wann dat esou am Gesetz virgesinn ass. Schwätzt d Sprooch vun Äre Lieser. Setzt Iech Verléieren Iwwersetzer, déi am Ausland liewen, an hir Plaz a fannt eraus, a wat fir engem Mooss d Gefill fir hir Mammesprooch? Vläicht e Är Produkter a Servicer hire Besoine kënnen schlechten Iwwersetzer, mä e professionellen entspriechen. Sidd konkret. Sidd genee. (Dat nämmlecht Iwwersetzer ënnerhëlt déi néideg Schrëtt, fir näischt vu gëllt selbstverständlech fir Marketingmaterial an der senge gudde Sproochekenntnësser ze verléieren. Ausgangssprooch.) 16 17

Et ass e gutt Zeechen, wann den Iwwersetzer Froe stellt. Kee liest Är Texter méi genee ewéi Ären Iwwersetzer. Iwwerem Schaffe kann hie konfus Passagen identifizéieren an de Message méi kloer duerstellen. Dat ass eng gutt Nouvelle fir Iech, well Dir esou och d Geleeënheet kritt, d Original ze verbesseren. E Produzent vu Videospiller huet festgestallt, datt d Direktioun d betribsintern Aktiepolitik selwer net wierklech verstanen hat, bis eng Iwwersetzung ugefrot ginn ass: Den Iwwersetzer huet vill Froe gestallt an eng Versioun ofginn, déi vill méi kloer war ewéi d Original. Éier mer déi franséisch Originaltexter an den Drock ginn, versiche mer ze waarden, bis d Texter vun den Iwwersetzer zeréckkommen, seet de Chefekonomist vun enger grousser Paräisser Bank: Dat huet en einfache Grond: Eis Iwwersetzer huelen eis Theme genee ënner d Lupp. Hire kritesche Bléck hëlleft eis, schwaach Punkten am Original ze erkennen. Fir en techneschen Text braucht Der e spezialiséierten Iwwersetzer Wann Der fënnef Mammesproochler déiselwecht kuerz Informatioune gitt an se frot, fir eng Beschreiwung vun 100 Wierder dervun opzesetzen, da kritt Der fënnef ganz verschidden Texter, déi méi oder manner kloer a fléissend sinn. D Leit, déi sech mam Sujet auskennen, produzéiere wahrscheinlech e besseren Text. Datselwecht gëllt fir Iwwersetzer. Léiert Är Iwwersetzer kennen, wann dat méiglech ass. Net nëmmen de Chef vum Projet, mä d Iwwersetzer selwer, déi Leit, déi un Ären Texter schaffen. A kuckt, datt si Iech och kenne léieren. Schwätzt mat Ären Iwwersetzer. Si missten E professionellen Iwwersetzer hëlt Ären Text d Sujeten, déi se iwwersetzen, gutt kennen. ganz auserneen, éier en en an der Zilsprooch Falls net, hutt Der besser, en anere Prestataire nees zesummebaut. Wann dobäi Froen ze sichen. Iwwersetzer sollten d Matière net op Är Käschte opkommen, wäert en Iech se stellen. kenne léieren, ausser, dir hätt dat esou ausgemaach. 18 19

De leschte Schlëff: Loosst d Epreuve vum Iwwersetzer iwwerliesen Ëmmer. Esouguer wann den Aarbechtsprozess gutt organiséiert ass an Der mat zouverlässegen Iwwersetzer zesummeschafft, déi Äre Betrib gutt kennen an ageschafft sinn, kënnen Ännerungen (Iwwerschrëften, Billerzeilen, zousätzlech Wierder), déi an der leschter Minutt vun Net-Spezialisten, déi et gutt mengen, bäigefüügt ginn, en anstännegt Dokument sabotéieren. E Feeler ass séier gemaach. En däitsche Geschäftsmann, deen et gutt gemengt hat, huet den s vun Headquarters gestrach mat der Erklärung: Mir hunn nëmmen een Haaptsëtz. Franséisch Setzer maachen ëmmer nees en s un dat englescht Wuert information drun. E Relecteur hätt esou Feeler net duerchgoe gelooss! All Sprooch huet hir eegen typografesch Konventiounen Bürospersonal an Drécker sinn sech däers net ëmmer bewosst. Et kann och virkommen, datt se sech iwwer déi Konventiounen ewechsetzen. Dacks ginn déi Regelen applizéiert, déi am eegene Land gëllen. Am Franséische kënnt en Espace virun en Doppelpunkt. Am Englesche ginn d Substantive klenggeschriwwen, mä d Méint an d Nationalitéiten och als Adjektiv grouss. An tippt am Spueneschen ni just en n, wann et en ñ brauch! Mat enger zweesproocheger Banderole sollten d <100 anos> vun enger amerikanescher Stad gefeiert ginn. Año ass e Joer, ano ass den hënneschten Daarmausgang! Bei Texter op Lëtzebuergesch gesäit een ëmmer nees, datt d n- Regel net korrekt applizéiert gëtt, z. B. Schéin Feierdeeg amplaz vu Schéi Feierdeeg. Loosst déi lescht Ännerunge vun enger Persoun préiwen, déi e Gefill fir hir Een Tippfeeler ka virkommen, mä vill Tippfeeler Mammesprooch huet. Maacht déi lescht hunn eng ofschreckend Wierkung op d Lieser. Textännerungen an enger Friemsprooch net iwwer Respektéiert d typografesch Regele vun der Telefon, well se ginn dacks falsch verstanen. Sprooch, an där Der schafft. 20 21

Ass ee mat zweesproochege Kompetenzen automatesch e gudden Iwwersetzer? Technesch Dokumentatioun ass net schwéier ze iwwersetzen. Eng falsch Virstellung Professionell Iwwersetzer sinn Auteuren. Hir Texter liese sech gutt an et héiert een net, dass et eng Iwwersetzung ass. Se schwätzen d Ausgangssprooche gewéinlech fléissend. Virun allem si se Architekten, déi zolidd Brécken tëschent de verschiddene Sprooche bauen. Se si fäeg, de Message vum Originaltext mat engem adequate Stil a mat der richteger Terminologie an hirer Mammesprooch erëmzeginn. Zweesproocheg sinn ass eppes anescht. Zwou Sprooche fléissend kënne schwätzen, heescht net, datt een d Kompetenzen huet, fir Informatioune vun enger Sprooch an déi aner ze iwwerdroen, scho guer net am Schrëftlechen. Doriwwer eraus iwwerschätze vill sougenannten zweesproocheg Persounen hiert Kommunikatiounstalent. Wëssenschaftlech Termen (an der Botanik, Zoologie asw.) sinn zugläich präzis an international, wa se da richteg agesat ginn! Eng Lëscht mat Ersatzstécker vun engem Apparat ass normalerweis relativ einfach ze iwwersetzen. Mä esouguer Spezialisten, déi an hirer Sprooch iwwer Technologie schreiwen, kënne sech ieren. Technesch Iwwersetzer mussen och derfir suergen, datt hir Fassung sech mindestens grad esou gutt liest ewéi den Ausgangstext. Heiansdo liesen d Iwwersetzunge sech esouguer besser ewéi d Original, well se vun de Kompetenze vun engem zweeten Expert profitéieren. De falsche Gebrauch vu Fachterminologie weist drop hin, datt en Iwwersetzer iwwerfuerdert ass. Eng méiglech Léisung ass, den Input an d Relecture vun engem Expert am betraffenen Domaine ze froen. Loosst ëmmer e professionellen Iwwersetzer déi lescht Relecture maachen (Grammaire, Zweesproochegkeet garantéiert keng gutt Syntax, Interpunktioun a Stil) éier en Text an Schreifkompetenzen a keen Talent fir den Drock geet, virun allem dann, wann d Experte keng Iwwersetzung. Mammesproochler sinn. 22 23

E Prestataire eraussichen Schéi faarweg Broschüren an ausgefeilte Verkafsstrategien sinn eng Saach, richteg Kompetenzen eng ganz aner. Frot den Iwwersetzer, fir Texter ze gesinn, déi e selwer iwwersat huet a mat deenen en zefridden ass, an net nëmmen d Lëscht vu senge Clienten. Wann e Prestataire Äre Site an eng Friemsprooch soll iwwersetzen, frot, fir aner Websäiten ze gesinn, déi hie schonn iwwersat huet. Datselwecht gëllt fir Broschüren a fir Rieden. Gitt dës Beispiller un eng Vertrauenspersoun (z. B. e Mataarbechter oder e Partner) weider, déi dës Sprooch als Mammesprooch huet, a frot se, fir d Referenze kritesch ze kucken. Wann Ären erfuerene Prestataire keng Aarbechte ka virweisen, op déi hie stolz ass, dann hutt Der e Problem (an hien och). Sot Ärem Déngschtleeschter, datt säin Numm op d Dokument stoe kënnt, genee esou ewéi och dem Fotograf oder dem Drécker säin Numm. Plangt vir. Wëllt Der mat Ärem Betrib op den internationale Marché? Da fänkt elo un, qualifizéiert Iwwersetzer ze sichen. Kontaktéiert se, esoubal Der ufänkt, Texter opzesetzen, a loosst hinnen esou vill Zäit ewéi méiglech. Iwwerloosst näischt dem Zoufall: Stellt en interne Glossaire op (wat iwwregens och fir Är Originaltexter hëllefräich ka sinn), a schafft zesumme mat Äre Mataarbechter a mat den Iwwersetzer eng zweesproocheg Versioun dervun aus. Dem Iwwersetzer säin Numm op d Dokument ze setze kascht Iech näischt, an et encouragéiert hien, eng gutt Aarbecht ofzeginn. Falls den Iwwersetzer insistéiert, fir déi lescht Versioun ze iwwerliesen, fir sécher ze sinn, datt zum Schluss net nach Feeler vun Ärer Säit agebaut goufen, ass dat e gutt Zeechen. Acceptéiert, ouni ze zécken! 24 25

Wat braucht Der wierklech? Implizéiert Iech Wat fir eng Iwwersetzung (a wat fir e Budget) braucht Der? Gëtt Ären Text publizéiert? Soll en informéieren? Oder geet et duer, wann e Computer just graff de Sënn erëmgëtt? Wéi vill Leit wäerten Är Texter liesen (handelt et sech ëm eng international Pressecampagne oder ëm eng Note interne)? Maacht d Rechnung an decidéiert, a wat fir engem Mooss eng schlecht Iwwersetzung Ärem Image kéint schueden an/oder Är gesetzlech Haftung kéint implizéieren. Consideréiert elo nach emol Äre Budget. Den Iwwersetzungssecteur besteet aus ville spezialiséierten Nichen. Esouguer eng Publikatiouns -Qualitéit beinhalt e breede Spektrum vu Servicer a vun Déngschtleeschter, an och vu Präisser. D Equipe, déi eng perfekt Aarbecht fir d Instruktioune vun Ärer Software geleescht huet, ass net onbedéngt qualifizéiert, fir de Rapport Annuel vun Ärem Betrib ze iwwersetzen. Wann Der versicht, Iech aus dem Iwwersetzungsprozess erauszehalen, gitt Der e grousse Risiko an. Wann Der Iech awer d Zäit huelt, fir Är Prestatairen an d Bild ze setzen, kënnt Der och mat engem Resultat rechnen, dat Ären Erwaardungen entsprécht. Natierlech ass et méiglech, eng Iwwersetzungsprozedur mat engem lapidaren Loosst dat iwwersetzen! an d Weeër ze leeden. Mä wann Dir oder eng aner kompetent Persoun och nëmmen 10 Minutte mam Iwwersetzer (oder mam Chef vum Projet) schwätzt, kënnt Der spéider vill Stress an zousätzlech Käschte spueren. Association Luxembourgeoise des Traducteurs et Interprètes Lëtzebuerger Iwwersetzer- an Dolmetscherverband 30, rue des Fleurs L-3468 Dudelange Fir Reklammen a groussen Zäitschrëften oder fir Schëlter, déi eng wichteg Informatioun ALTI vermëttelen: Zéckt net, fir Iech eng www.traducteurs-interpretes.lu éischtklasseg Iwwersetzung ze leeschten! Fir intern Notten an Dokumenter mat limitéierter Distributioun Text: Chris Durban 2011 geet eng méi graff (an deemno méi bëlleg) Adaptatioun Iwwersetzung: Angela Tumiotto gewéinlech duer. Layout: Mark Richardson 26 27

Et gëtt Honnerte vu Grënn, duerch déi en Iwwersetzungsprojet kann entgleisen: lächerlech Delaien, Ambiguitéiten am Ausgangstext, déi net onbedéngt vun den Iwwersetzer hannerfrot ginn, schlecht agesaten automatesch Iwwersetzungen, Epreuven, déi net vun engem Mammesproochler iwwerlies ginn, naiv Iwwersetzer, déi sech ze vill zoutrauen a sech selwer iwwerlooss sinn, grouss Projeten, déi schlecht koordinéiert ginn, schlecht (bëlleg oder iwwerdriwwen deier) Iwwersetzungen, Clienten, déi sech net implizéieren, asw. asf. Wann Der Iech och nëmmen d Halschent vun de Rotschléi aus dësem Bichelchen zu Häerzen huelt, ginn Är Chancë méi grouss, datt Är Dokumenter anstänneg iwwersat ginn.