3/2004 www.science-club.lu fir jonk Leit vun 11 Joer un SCIENCE CLUB News
An dësem News fënns Info Science live 4 a 5 Cyber Science 6 bis 7 Firwat huet eng Stonn grad 60 Minutten? 8 bis 9 Science Quiz 10 Opléisung vum leschte Quiz 10-11 Aktivitéiten Du hues tëschent 11 an 13 Joer 12-20 äit
du: Du hues tëschent 13 a 15 Joer 21-31 Du hues iwwert 15 Joer 32-34 Umellungs formular 35
Science live iwwert d ganzt Joer! Bass du u Wëssenschaft an Technik intresséiert? Hues du iwwer 11 Joer? Wëlls du nei Leit kenne léieren, déi déi selwecht Intressen hu wéi s du? Wa jo, da kuck dir den neie Programm vum Science Club genee un. De Science Club bitt dir nämlech vill flott Aktivitéiten, wéi zum Beispill verschidden technesch a wëssenschaftlech Workshopen an Experimenter, intressant wëssenschaftlech Ausstellungen am Inan Ausland, Science Camp,. Wann s du un Aktivitéite wëlls deelhuelen, da mell dech beim Science Club per Post (mam Umellungsziedel op der leschter ), per E-mail science-club@mnhn.lu oder per Internet www.science-club.lu un. Mee denk drun, d Zuel vun deenen, déi kënne matmaachen ass limitéiert. Duerfir, wann s du wierklech un enger Aktivitéit intresséiert bass, da mell dech esou fréi wéi méiglech un. Science-Club 25, rue Münster L-2160 Lëtzebuerg Tel.: 462233-450 Rép. - Fax: 462233-451
De Science Club ass eng Initiativ vum natur musée (www.mnhn.lu) an Zesummenaarbecht mat der mat de Jonk Fuerscher Lëtzebuerg (www.ajsl.lu) a mam Athénée de Luxembourg (Projet d établissement) Mir hunn zesummen dësen intressante Programm op d Been gestallt a soen dem Fonds National de la Recherche merci fir seng finanziell Ënnerstëtzung. (www.fnr.lu) (www.univ.lu) (www.al.lu).
yberscience Elektronikbastelsäiten Eise Partner a Elektronik und Microcontroller Saachen Elektronik: yber (op Däitsch) Op dësem Site si ganz intressant Bastelsäiten, do fënns du Bauuleedungen wéi s du e klenge Radio, en elektronescht Schlass,... a vill aner Saachen doheem bastele kanns. http://www.b-kainka.de/ Der Elektronik Experimentier Server (op Däitsch) Eng ganz flott Internetsäit, wou d'fonktionnement vun de verschiddenen Elektronikbaudeeler genee erkläert gëtt a wou och e puer intressant an einfach Baupläng gewise ginn, fir doheem selwer nozebauen. http://www.elexs.de/experim.htm Dës méi Inte Club ww CyberScience
yberscience Elektronikbastelsäiten Wagener-net.de (op Däitsch) Hei fënns du ënner anerem alles iwwer d'geschicht vun der Elektronik a vill kleng Schaltpläng fir Elektronik-Ufänger, déi s du ganz einfach nobaue kanns. Scienc http://www.wagener-net.de/ Linken an nach vill fënns du och op der rnetsäit vum Science :.science-club.lu Midnightscience (op Englesch) Hei fënns du vill Informatiounen iwwer d'thema Radioelektronik : z. B. selwer e Radio bauen an domadder experimentéieren. www.midnightscience.com CyberScience
4 5 6 1 2 3 äit Wier et dann net vill méi einfach, eng Stonn hätt 10 'Dezistonnen an 100 'Centistonnen (an net 60 Minutten an 3.600 Sekonnen)? Wou komme mer nëmmen op déi Zuel 60? Mat de Fangeren zielen Ma ganz einfach, dann ziel mol mat de Fangeren! Du ziels bestëmmt nëmme bis 10. 7 8 9 10 11 12 1 2 3 Firwat huet eng 4 5 6 7 8 9 11 12 10 D'Babylonier, déi vun 3.000 500 v. Chr. a Mesopotamien gelieft hunn, konnte mat enger Hand bis 12 a mat hiren zwou Hänn bis 60 zielen. Wéi hu si dat da gemaach? Ma ganz einfach, mat enger Hand hu si mat hirem Daum 'Segmenter vun deenen anere 4 Fangere gezielt (4 Fangeren x 3 Segmenter = 12). 1 2 3 6 4 5 7 8 9 11 12 10 5 x12 4x12 3 x12 Stonn Mat de Fangere vun der zweeter Hand hu si gezielt, wéi oft si schonns 12 erreecht hunn (12 Segmenter (Hand 1) X 5 Fangeren (Hand 2) = 60). Rechne mat der Zuel 60 Mir gebrauche jo haut fir schrëftlech eng Zuel duerzestellen, déi 10 verschidden "arabesch Zifferen" (1, 2 x12 2, 3, 4, 5, 6, 7, 8, 9, 0). An eréischt no der Zuel 9 kënnt eng Stell derbäi (d'zuel "9" huet 1 x12 1 Stell an d'zuel 10 huet zwou Stellen).
grad 60 Minutten? Vereinfacht kann ee sech dat bei de Babylonier esou virstellen, datt si 59 Zifferen haten, fir hir Zuelen ze schreiwen an eréischt no der Zuel 59 eng Stell weider gaange sinn. An esou war fir d'babylonier d'zuel 124 aus zwee mol 60 plus 4 zesummegesat (an net wéi fir eis aus 1 x 10 2 + 2 x 10 1 + 4). D'Babylonier haten also en Sexagesimalsystem (Zuel 60 als Basis) am Verglach zu eisem Dezimalsystem (Zuel 10 als Basis). Zäit moosse mat der Ënnerdeelung 60 D'Zäit moosse mat der Ënnerdeelung 60 kënnt also vun de Babylonier. Mee d'franzousen haten awer probéiert, fir dat méi einfach ze maachen. Kuerz Bicher Une brève histoire du temps, Stephen Hawking, ISBN: 2-290-30711-4 La mesure du temps, Gamme école active, ISBN: 2-89069-695-2 Was ist Was : Die Zeit, Tessloff, no der Franséischer Revolutioun ISBN: 3-7886-0262-7 gouf den Dag (vu Mëtternuecht Internet bis Mëtternuecht) an 10 gläich Deeler agedeelt, jiddereng vun Die Babylonier: dësen 10 Stonnen ass rëm www.zzzebra.de/druckversion. duerch 10 gedeelt ginn, an sou asp?titelid=3249 weider. Dës heure républicaine Babylonische Zahlen: konnt sech awer an der www.fonline.de/rs-ebs/ Praxis ni duerchsetzen, an duerfir geschichte/ges4.htm huet haut 1 Stonn nach ëmmer 60 Minuten.
Science Quiz Wat fir ee Stoff ass den Haaptbestanddeel vun der Äerdatmosphär? A) CO 2 B) O 2 C) N 2 D) Ar 0 Schreif deng Äntwert op d Umellung, oder schéck eis se per Post oder per E-mail. D Gewënner gi gezunn a kréien e schéine Präis
Opléisung vum leschte Quiz An eisem leschten Science News hate mir dech Folgendes gefrot: D'Stad Lëtzebuerg krut elo 3 nei Bussen, déi mat Waasserstoff fueren. Wat kënnt bei dëse Bussen aus dem Auspuff eraus? Dir hutt folgend Äntwerten erageschéckt: 99 % hu richteg geäntwert 1 % huet falsch geäntwert 99% 1% Aus dem Auspuff kënnt Waasser oder Waasserdamp eraus. Aus ären Äntwerten hu mir 3 Gewënner gezunn: Bintener Tamara (12 Joer) Jonathan Nagel (14 Joer) Laurent Sinner (16 Joer)
Steekauz-Expeditioun VUn11 BIS13JOER Freides, den 23. Abrëll 2004 4 Euro um 20.00 Auer (bis 22.00 Auer), Gare Mënsbech Organisatioun: 'natur musée' Responsabel: Claude Heidt Biolog Bei dëser Owes- Expeditioun siche mir nom Steekauz an de Bongerten am Syrdall.
Eeërfallschirm VUn11 BIS13JOER Samschdes, den 8. Mee 2004 4 Euro um 14.00 Auer (bis 16.00 Auer), am 'natur musée' Organisatioun: 'natur musée' Responsabel: Eric Corrignan (Physiker) Wie bréngt et fäerdeg, fir e réit Ee aus dem 2. Stack erauszegehéien, ouni datt et um Buedem futti geet?
Solarvillchen VUn11 BIS13JOER Samschdes, de 15. Mee 2004 10 Euro 14.00 Auer (bis 16.00 Auer), am 'Galileo Science Mobil' op der Place d'armes Organisatioun: 'natur musée' Chemikerin Responsabel: Patrick Delhalt Biolog Aline Fischer An dësem Atelier gëss du gewuer, wéi mir d Sonneliicht kënne notzen, fir Stroum ze produzéieren. Mir bauen dann e flotte Villchen, deem säin Hutt um Fënsterbriet ufänkt mat dréinen an d'sonneliicht esou duerch d'ganzt Zëmmer reflektéiert. De Solarvillchen kanns du natierlech mat heem huelen! www.science-mobil.lu
Radio GaGa VUn11 BIS13JOER Samschdes, den 22. Mee 2004 15 Euro um 14.00 Auer (bis 17.00 Auer), am 'natur musée' Organisatioun: Lëtzebuerger Amateurfunker Responsabel: Joseph Kirch Amateurfunker Mir maachen Experimenter mat Héichfrequenz, bauen e Radio an Oszillatoren a gesinn, wéi eng Antenn fonktionnéiert.
Roboday VUn11 BIS13JOER Mëttwochs, den 2. Juni 2004 6 Euro 9.00-11.30 Auer a 14.00-16.00 Auer, an der Haaptentrée vun der Uni Lëtzebuerg, Campus Kierchbierg Organisatioun: Université du Luxembourg, Campus Kierchbierg Responsabel: Patrick Delhalt Biolog Horatiu Dragan Student Uni Lëtzebuerg Jérôme Hoja Student Uni Lëtzebuerg Claude Hostert Uni Lëtzebuerg Bannt dësem Dag kanns du e Roboter programméieren an op enger Maquette mat Tunnel, Bierger, Brécken, Hindernisser... fuere loossen.
Déck Loft VUn11 BIS13JOER Donneschdes, den 3. Juni 2004 4 Euro um14.00 Auer (bis 17.00 Auer), am natur musée Organisatioun: 'natur musée' Responsabel: Claude Heidt Biolog Mir ënnersiche Flechten, fir erauszefannen, wéi propper d'loft am Gronn ass.
Chimi an der Kichen 2 VUn11 BIS13JOER Freides, de 4. Juni 2004 4 Euro um 14.00 Auer (bis 16.30 Auer), am 'natur musée' Organisatioun: 'natur musée' Responsabel: Maria Ursone Biologin Mir huelen Esseg an aner Gewürzer ënnert d Lupp, maachen Experimenter mat Wäschmëttel, Schokla, Kaffi an Téi, mat Botzmëttel a Seefen...vill Getriwwels...!!!
Op der Sich no 1.000 verschiddenen Aarten VUn11 BIS13JOER Samschdes, den 19. Juni 2004 oder Sonndes, den 20. Juni 2004 Biolog Biolog Agronom Responsabel: Patrick Delhalt Guy Colling Yves Krippel Während engem vun dësen 2 Deeg kanns du fir e Moien mat engem Fuerscher op d'sich goen, fir esou vill wéi méiglech Déieren- a Planzenaarten ze fannen. Du gees mat engem Expert mat an d'natur a léiers esou vill intressant Déieren oder Planze kennen. 4 Euro um 9.00 Auer (bis12.00 Auer), am Naturpark Öewersauer Organisatioun: 'natur musée', Naturpark Öewersauer www.naturpark.lu
Batnight - Ultraschall vun de VUn11 BIS13JOER Flantermais Samschdes, den 10. Juli 2004 Chemikerin Responsabel: Patrick Delhalt Biolog Aline Fischer Hei gëss du alles iwwer d'flantermais gewuer. An dësem Atelier léide mir e Sonargerät (Sonarexplorer) zesummen, mat deem s du Hindernisser am Däischtere "gesäis", genee wéi d'flantermais. Duerno kanns du och d'flantermais live beobachten! 15 Euro um18.30 Auer, zu Miersch bei der Kierch Organisatioun: 'natur musée' De Sonarexplorer kanns du natierlech mat heem huelen!
Solarauto bauen VUn 13 BIS15JOER Samschdes, de 24. Abrëll 2004 20 Euro um 14.00 Auer (bis 17.00 Auer), am Galileo Science Mobil zu Mamer Organisatioun: 'natur musée' Sponsor: Chemikerin Responsabel: Patrick Delhalt Biolog Aline Fischer An dësem Atelier kanns du däin eegene Solarauto zesummebauen. Den Auto besteet aus Solarzellen, engem Kondensator... Doheem kanns du en nach verbesseren, dermat experimentéieren anën ëmbauen www.science-mobil.lu
DuPont de Nemours VUn 13BIS15JOER Dënschdes, de 4. Mee 2004 4 Euro um 15.00 Auer (bis 17.30 Auer), bei DuPont zu Conter Organisatioun: DuPont de Nemours DuPont Responsabel: Christiane Flesch Animatrice Henri Werner DuPont Lëtzebuerg ass e wichtege Geschäftszentrum fir Filmer a Faserstoffer fir ganz Europa. Bei der Visite gesäis du, wéi d'produkter entstinn a wéi DuPont sech bei der Aarbecht uleet. DuPont wëll weisen, datt wëssenschaftlech an technesch Beruffer intressant sinn a jonke Leit eng Zukunft bidden.
Mir bauen eng Rakéit VUn 13 BIS15JOER Donneschdes, de 6. Mee 2004 6 Euro um 15.00 Auer (bis 17.00 Auer), am Muséebus 2000 zu Schuller Organisatioun: 'natur musée' Responsabel: Patrick Delhalt Biolog Mir bauen zesummen eng Rakéit, déi bis op 150 m an d'loft geet, an eng Vitesse vun ongeféier 200 km an der Stonn erreecht. An der Loft geet dann e Fallschirm op, an d'rakéit kann esou erëm intakt um Buedem landen.
D-Iwwerwaachung a -Spionage VUn 13BIS15JOERaus dem Weltall Samschdes, den 8. Mee 2004 4 Euro um 14.00 Auer (bis 16.00 Auer), am 'natur musée' Organisatioun: 'natur musée' Responsabel: Servet Ocactan Agronom An dësem Atelier kanns du e Brëll bauen, mat deem s du Satellitten a Loft-Fotoen analyséiere kanns. Mat Hëllef vun dësem Brëll probéiere mir Ëmweltverschmotzer ze entlarwen, Verschmotzung an den Ozeanen ze iwwerwaachen an archäologesch Entdeckungen ze maachen. Dës Wëssenschaft gëtt natierlech och a Militäraktiounen agesat, fir verstoppte feindlech Basislageren ze entdecken.
Mad Lab: Insectoïd VUn 13 BIS15JOER Donneschdes, den 13. Mee 2004 10 Euro um 15.00 Auer (bis 17.00 Auer), am 'natur musée' Organisatioun: 'natur musée' Responsabel: Patrick Delhalt Biolog An dësem Atelier léide mir en Insectoïd zesummen. Dëst elektronescht Insekt ka Geräischer maachen, seng Fühlere beweegen an op Geräischer a Liicht reagéieren. En huet awer och d Fähegkeet fir ze léieren. Zum Beispill kanns du den Insectoïd esou trainéieren, datt en an der Nuecht schléift an am Dag aktiv ass. Den Insectoïd kanns du natierlech mat heem huelen!
Baggerweier by Night VUn 13BIS15JOER Méindes, de 17. Mee 2004 4 Euro um 19.30 Auer (bis 21.00 Auer), zu Wëntreng Organisatioun: 'natur musée' Responsabel: Claude Heidt Biolog Nuets-Expeditioun duerch d Baggerweieren, fir Vullen (Nuechtegailchen, Zwergdommel), Amphibien a Flantermais ze erfuerschen.
Alles ronderëm d'päerd VUn 13 BIS15JOER Samschdes, den 22. Mee 2004 10 Euro um 9.00 Auer (bis 18.00), am 'natur musée' Organisatioun: 'natur musée' Responsabel: Carla Welter Biologin Faszinatioun Päerd. Moies Theorie : Evolutioun, Zuucht, Genetik, Ernährung... Mëttes : d'päerd kenne léieren a selwer reiden.
Mir bauen eng elektronesch Auer VUn 13BIS15JOER Donneschdes, de 27. Mee 2004 6 Euro um 15.00 Auer (bis 17.00 Auer), am 'natur musée' Organisatioun: 'natur musée' Responsabel: Patrick Delhalt Biolog An dësem Atelier gi mer kuerz d'ausstellung "Huel der... Zäit" an de 'natur musée' kukken an duerno kanns du eng elektronesch Auer zesummebauen. Déi elektronesch Auer kanns du natierlech mat heem huelen!
Sonn, Stäere, Mound... mir VUn 13 BIS15JOER moossen d'zäit Samschdes, den 29. Mee 2004 4 Euro um 14.00 Auer (bis 16.00 Auer), am 'natur musée' Organisatioun: 'natur musée' Responsabel: Eric Buttini Physiker Wéi kann ee mat Sonn, Stären a Mound d'zäit bestëmmen? Am neie Planetarium vum 'natur musée' kriss du gewisen, wéi d'leit fréier mat den Himmelskierper d'zäit gemooss hunn.
Training fir verréckt Chemiker VUn 13BIS15JOER Samschdes, den 12. Juni 2004 4 Euro um 14.00 Auer (bis 17.00 Auer), am 'natur musée' Organisatioun: 'natur musée' Responsabel: Joseph Rodesch chemiker Experimenter mat gréngem Schläim, falschem Blutt, faarwegem Damp a mat vill Kaméidi. Bass de verréckt genuch, fir dëse mëllen Nomëtten, da mell dech séier un!
Op der Sich no 1.000 verschiddenen Aarten VUn 13 BIS15JOER Samschdes, den 19. Juni 2004 oder Sonndes, den 20. Juni 2004 Biolog Biolog Agronom Responsabel: Patrick Delhalt Guy Colling Yves Krippel Während engem vun dësen 2 Deeg kanns du fir e Moien mat engem Fuerscher op d'sich goen, fir esou vill wéi méiglech Déieren- a Planzenaarten ze fannen. Du gees mat engem Expert mat an d'natur a léiers esou vill intressant Déieren oder Planze kennen. 4 Euro www.naturpark.lu um 9.00 Auer (bis12.00 Auer), am Naturpark Öewersauer Organisatioun: 'natur musée', Naturpark Öewersauer
DuPont de Nemours VU 15BIS18JOER Dënschdes, de 4. Mee 2004 4 Euro um15.00 Auer (bis 17.30 Auer), bei DuPont zu Conter Organisatioun: DuPont de Nemours Responsabel: Christiane Flesch Educatrice Henri Werner DuPont DuPont Lëtzebuerg ass e wichtege Geschäftszentrum fir Filmer a Faserstoffer fir ganz Europa. Bei der Visite gesäis du, wéi d'produkter entstinn a wéi DuPont sech bei der Aarbecht uleet. DuPont wëll weisen, datt wëssenschaftlech an technesch Beruffer intressant sinn a jonke Leit eng Zukunft bidden.
Sonn, Stäere, Mound...mir VU 15BIS18JOER moossen d'zäit Samschdes, den 29. Mee 2004 4 Euro um 14.00 Auer (bis 16.00 Auer), am 'natur musée' Organisatioun: 'natur musée' Responsabel: Eric Buttini Physiker Wéi kann ee mat Sonn, Stären a Mound d'zäit bestëmmen? Am neie Planetarium vum 'natur musée' kriss du gewisen, wéi d'leit fréier mat den Himmelskierper d'zäit gemooss hunn.
Op der Sich no 1.000 verschiddenen Aarten VU 15BIS18JOER Samschdes, den 19. Juni 2004 oder Sonndes, den 20. Juni 2004 Responsabel: Patrick Delhalt Biolog Guy Colling Biolog Yves Krippel Agronom Während engem vun dësen 2 Deeg kanns du fir e Moien mat engem Fuerscher op d'sich goen, fir esou vill wéi méiglech Déierena Planzenaarten ze fannen. Du gees mat engem Expert mat an d'natur a léiers esou vill intressant Déieren oder Planze kennen. 4 Euro um 9.00 Auer (bis12.00 Auer), am Naturpark Öewersauer Organisatioun: 'natur musée', Naturpark Öewersauer www.naturpark.lu
Numm:... Virnumm:......... Adress:... L-... Tél.:...Gebuertsdatum:.../.../... EMail:... Umellung och per Internet: www.science-club.lu Umellungsziedel Ech melle mech fir folgend Aktivitéiten un:..................... Mat schwaarzem Bic ausfëllen w.e.g.!... Opléisung vum ScienceQuiz...... Wann dësen Ziedel ausgefëllt ass, schéck, fax oder mail e w.e.g. un de Science-Club - 25, rue Münster - L-2160 Lëtzebuerg Tel.: 462233 450 - Fax: 462233 451 - Mail: science-club@mnhn.lu
SEKRETARIAT Hei kannst du dech umellen a kriss Informatiounen iwwer d Aktivitéiten: Science Club 25, rue Münster, L-2160 Lëtzebuerg Tel: 46 22 33 450 Rép./Fax: 46 22 33 451 E-mail: science-club@mnhn.lu COORDINATEUR AN USPRIECHPARTNER: Patrick Delhalt Tel: 46 22 33-429 E-mail: pdelhalt@mnhn.lu Partner: www.science-club.lu Musée National d Histoire Naturelle 25, rue Münster L-2160 Lëtzebuerg Université du Luxembourg Faculté des Sciences, de la Technologie et de la Communication 6, Rue Coudenhove-Kalergi L- 1359 Lëtzebuerg-Kirchbierg Athénée de Luxembourg (projet d établissement) 24, bd. Pierre Dupong L-1430 Lëtzebuerg Jonk Fuerscher Lëtzebuerg Boîte postale 1387 L-1013 Lëtzebuerg Luxembourg-1 Port payé P/S.514