fir Jonker 11 bis 18 SCIENCE-CLUB.LU News 3/2009 Säit 8-10 Charles Darwin
Info: Science live Säit 4 a 5 Cyber Science-Darwin Säit 6 bis 7 Dem Darwin an d'natierlech Selektioun Säit 8 bis 10 Suncup Säit 11 Science Quiz Säit 12 Opléisung vum leschte Quiz Säit 13.. An desem News.. fenns du: Aktivitéiten Säit 16 bis 38 Umellungsziedel Säit 39
Info
Ba s s du u.. Wessen schaft an Te c h n i k intresseiert? - Hues du i w w e r 11?.. W ells du nei Leit kenne leieren, dei dei selwecht Intressen hu wei s du? - - - - - Science live iwwert d ganzt! Wa jo, da kuck der den neie Programm vum Science Club genee un. De Science Club bitt dir nämlech vill flott Akti vitéi ten, wéi zum Beispill verschidden technesch a wëssen schaftlech Workshopen an Experimenter, intressant wëssenschaftlech Ausstellungen am In- an Ausland, Science Camp,. Wann s du un Aktivitéite wëlls deelhuelen, da mell dech beim Science Club per Post (mam Umellungsziedel op der leschter Säit), per E-mail (science-club@mnhn.lu) oder per Internet (www.science-club.lu) un. Mee denk drun, d Zuel deenen, déi kënne mat maachen ass limitéi ert. Duerfir, wann s du wierklech un enger Aktivitéit intresséiert bass, da mell dech esou fréi wéi méig lech un.
Science-Club 25, rue Münster L-2160 Lëtzebuerg Tel.: 462233-450 Rép. - Fax: 462233-451 (www.science-club.lu) De Science Club ass eng Initiativ vum natur musée (www.mnhn.lu) an Zesummenaarbecht mat der (www.uni.lu) mat de Jonk Fuerscher Lëtzebuerg (www.ajsl.lu) De Science Club ass Member vu ProScience, lëtzebuerger Réseau fir d'promotioun der Wëssenschaftskultur. www.proscience.lu Mir hunn zesummen dë sen intressante Programm op d Bee gestallt a soen dem Fonds National de la Recherche merci fir seng finanziell Ënner stëtzung.
yberscience CyberScience yberscience Cybe CyberScience Evolution (op Englesch) E flotte Site ronderëm d Evolutioun mat villen Informatiounen, Biller a Videoen. www.pbs.org/wgbh/evolution/index.html Understanding Evolution (op Englesch) E ganz informative Site ronderëm d Thema Evolutioun. http://evolution.berkeley.edu/ Dës Linken an nach vill méi fënns du och op der Internetsäit vum Science Club: www.science-club.lu ce be rscience erscience CyberScience
CyberScience rscience CyberScience CyberScience CyberScience CyberScience The complete work of Charles Darwin Online (op Englesch) Hei fënns du dem Charles Darwin säi ganze Liewenslaf a seng Wierker: ënner anerem seng Reesberichter mam Schëff Beagle an dat weltbekannte Wierk The Origin of Species als PDF. http://darwin-online.org.uk/ CyberScien rscience yberscience CyberScienc CyberScience CyberScience CyberScience Der Darwin Code (op Däitsch) E super Site mat klenge Videoen iwwert d Evolutiounstheorie an den Darwin.. www.3sat.de/nano/diverses/darwin/darwin.html CyberScien
Den Darw Den Charles Darwin Den Charles Darwin ass den 12. Februar 1809 an England gebuer ginn. Hie studéiert Medezin a Religiounswëssenschaften. Donieft interesséiert hie sech enorm fir Zoologie, Botanik a Geologie an eegent sech iwwert d en grouss Kenntnisser an dëse Beräicher un.
in an d natierlech Selektioun Expeditiounsrees mat der MS Beagle Am 27. Dezember 1831 geet den Darwin mat op eng Expeditounsrees ronderëm d Welt fir d Déieren an d Planzen ze studéieren an ze katalogiséieren. Duerch dës spektakulär Rees um Schëff MS Beagle, déi 5 dauert, kritt den Darwin en déiwen Abléck an d Aartevielfalt op eiser Äerd. D Fro, déi hien am meeschte beschäfteg, ass déi no dem Ursprong dëser Aartevielfalt. Zu där Zäit huet d Opfaassung dominéiert, dass Gott all d Liewewiesen erschaf huet; dëst ass dem Darwin als Erklärung awer net duergaang. D Theorie der natierlecher Evolutioun Den Darwin stellt also eng eegen Theorie op: d Evolutiounstheorie. Dës Theorie geet doner aus, dass all Aarte méi Nokomme produzéieren wéi Ressource (Nahrung a Liewensraum) do sinn. Soumat kënnen net all d Nokommen bis zu deem Zäitpunkt iwwerliewen, wou si sech selwer reproduzéieren kéinten. D Nokommen sinn awer net alleguerten d selwecht, mee sinn all liicht verschidden. Am Konkurrenzkampf ëm d Ressourcen, déi jo limitéiert sinn, iwwerliewe just déi Variatiounen, déi e liichte Virdeel hunn; déi aner verschwannen. Den Darwin vergläicht dës natierlech Selektioun mat der kënschtlecher Auswiel, déi d Bauere maachen an deems si all just dee beschte Som de beschte Friichten huele, fir nees nei auszeséien. Aus all deem schlussfolgert hien, dass all d Aarten (och de Mënsch) engem eenzegen Virfaren ofstamen. Dass Aarten sech am Laf der Zäit veränneren, hu schons aner Wëssenschaftler virum Darwin ugeholl.
D natierlech Selektioun D Beispill der Giraff hirem laangen Hals Giraffe liewen an der Savanne a friessen haaptsächlech Blieder op de Beem. Wa bei enger Generatioun Giraffen zoufälleg e puer Giraffe méi e laangen Hals hunn, hunn déi e Virdeel vis-à-vis deenen aneren. Domat kënne si nämlech bis un déi Blieder ganz uewen um Bam drukommen. Dëst ass besonnesch wichteg, wann d Blieder ënnen um Bam schonn all gefriess sinn: d Giraffe mam kuerzen Hals erhéngeren; déi mam laangen Hals iwwerliewen a kënne sech fortplanzen. Bei der nächster Generatioun ginn et da méi Giraffen, déi de laangen Hals hieren Elteren geierft hunn A sou huet dat sech während Millioune e widderholl: ëmmer konnte sech déi Giraffe besser duerchsetzen, déi e laangen Hals haten, an de Kampf ëm d Iwwerliewen gewannen. Sou kënnt et, dass d Giraffen haut en Hals 2 bis 3 Meter hunn (7 Wierbele vu je 40cm). Darwin 2009 zu Lëtzebuerg 2009 feiert de Charles Darwin säin 200. Gebuertsdag. Hei zu Lëtzebuerg fannen eng ganz Rei Aktivitéite statt Theater, Film, Konferenzen, Workshopen etc. Weider Infoen op www.darwin.lu Internet www.biologie534.com/objectif14.html http://www.pbs.org/wgbh/evolution/ Buch Charles Darwin, "On the Origin of Species by Means of Natural Selection, or the Preservation of Favoured Races in the Struggle for Life," 1859, p. 162.
S u n c u p SolarbootRegatta fir Modellbooter Bau selwer mat Frënn an/oder Famill däi eegent Solarboot an huel Sonndes, de 5. Juli 2009 zu Colmar- Bierg un der zweeter Ausgab vum Suncup deel. Weider Infoen: Internetsite: http://solar.ltett.lu E-mail: suncup@ltett.lu Trainingsméigelechkeet: Samsdes 04.Juli 10 Auer un Zwou Kategorien vu Booter sinn zougelooss: ferngesteiert Booter net ferngesteiert Booter Organiséiert vum Lycée Technique d'ettelbruck (LTETT) mat Ennerstëtzung vu senge Partner.
Science QUIZ Wéi eng Liewenserwaardung huet eis Sonn? A) 5 Milliarde B) 10 Milliarde C) 20 Milliarde D) eis Sonn wäert sech ni veränneren an eis ëmmer Liicht a Wäermt schenken Schreif deng Äntwert op d Umellung, oder schéck eis se per Post oder per E-mail. D Gewënner gi gezunn a kréien e schéine Präis.
Opléisung vum leschte Science Quiz An eisem leschte Science News hate mir Iech gefrot, zu wat fir enger Galaxie d Äerd gehéiert. 88 % hun erausfonnt, dass d Äerd zur enger Galaxie gehéiert, déi mir Mëllechstroos nennen. D Mëllechstrooss besteet aus ongeféier 100 Milliarde Stären. E ganz mini Deel doner ass eist Sonnesystem. An eisem Sonnesystem ass eis Sonn souzesoen den Zentrum, wou d Planéite ronderëm kreesen. 11 % hu geduecht, dass et d Andromeda-Galaxie ass. Dat ass net richteg. D Andromeda-Galaxie ass déi Spiralgalaxie, déi eiser Galaxie, also der Mëllechstrooss, am noosten ass. 1 % sinn do ausgaang, dass et d Adler-Galaxie ass, dat ass leider och falsch. www.astronomy2009.lu Aus ären Äntwerten hu mir 3 Gewënner gezunn: Fränk Etringer (11 ) Liliane Kleyr (13 ) Patrick Mathieu (16 )
- Aktiviteiten: tëschent 11 an 13.. Sait 16-28 tëschent 13 an 15.. Sait 29-34.. tëschent 15 an 18 Sait 35-38
www.naturmusee.lu Robot Duck Donneschdes, den 30. Abrëll 2009 6 Euro 11-13 Rendez-vous: um 15:00 Auer (zréck 17:00 Auer) am 'natur musée' am Gronn Responsabel: Maryse Jost Guide vum 'natur musée' D 'Natur als Inspiratiounsquell fir de Mënsch: Fortbeweegungsroboter nom Virbild vum Mënsch (op 2 Been), vum Hond (op 4 Been) oder den Insekten (op 6 Been).
www.naturmusee.lu Mad Lab: SuperSpy Dënschdes, de 5. Mee 2009 10 Euro 11-13 Rendez-vous: um 15:00 Auer (zréck 17:00 Auer) am 'natur musée' am Gronn Responsabel: Maryse Jost Guide vum 'natur musée' Wolls du schons ëmmer eng Kéier erausfannen wat aner Leit iwwer dech schwätzen, wann s du grad net do bass? Wa jo, da komm an de Mad Lab a léid däin eegene Spioun zesummen. De SuperSpy kanns du natierlech mat heem huelen!
www.chimie.lu 3,2,1... Booom - de Rakéitenatelier Samschdes, de 16. Mee 2009 Responsabel: Joseph Rodesch, Chemiker Philippe Mayer Architect 4 Euro 11-13 Rendez-vous: um 14:00 Auer (zréck 16:00 Auer) am 'natur musée' am Gronn Mir bauen eis verschidde Rakéiten déi matt Gasen, Waaser oder Feier ugedriwwen gin. E Wettkampf géint d'schwéierkraaft!
Grammophon Dënschdes, den 19. Mee 2009 10 Euro 11-13 Rendez-vous: um 15:00 Auer (zréck 17:00 Auer) am 'natur musée' am Gronn Responsabel: Patrick Delhalt Biolog Bau selwer e Grammophon! www.naturmusee.lu De Grammophon mat enger Plack kanns du mat heem huelen!
Solarboot bauen Méindes, de 25. Mee 2009 20 Euro 11-13 Rdv: um 10:00 Auer (zréck 18:00 Auer) an de Säll der AJSL, Sandweiler Gare Responsabel: Patrick Delhalt Biolog Mir bastelen e Solarboot, dat mat Hëllef der Sonnenenergie ugedriwwe gëtt. Mat deem Solarboot kanns du dann de 5 Juli op der Solarbootregatta um Kolmarbierg deelhuelen. Vakanz www.naturmusee.lu D'Solarboot kanns du natierlech mat heem huelen!
Gondwana-Praehistorium Mëttwochs, de 27. Mee 2009 15 Euro 11-13 Rendez-vous: um 08:00 Auer (zréck 18:00 Auer) Landsweiler-Reden Responsabel: Claude Heidt Biolog Maach eng Zäitrees vum Big Bang bis bei d'ausstierwe den Dinoen a bewonner T. rex an Argentosaurus a Liewesgréisst. Duerno kanns Du an Experimenter rausfannen, wéi däi Gehir funktionéiert. Vakanz www.naturmusee.lu
www.naturmusee.lu Mir bauen eng Rakéit Donneschdes, de 4. Juni 2009 10 Euro 11-13 Rdv: um 14:00 Auer (zréck 16:00 Auer) am Galileo Science Mobil bei der Sportshal zu Stroossen Responsabel: Patrick Delhalt, Biolog Paul Zimmer Educateur Bau deng eege Rakéit. D'Rakéit, déi mat Drockloft ugedriwe gëtt, kanns du natierlech mat heem huelen!!!
www.chimie.lu Chemikus CO2 Box Seefexperimenter- Samschdes, de 6. Juni 2009 Responsabel: João Martins, Chemiker Antero Martins chimie.lu 4 Euro 11-13 Rendez-vous: um 14:00 Auer (zréck 16:00 Auer) am 'natur musée' am Gronn Entdeckt déi faszinant Chimie a Physik, déi an de Seefeblose stécht. Firwat hu si Faarwen, wat fir Gesetzer verfollegen se... Mir synthetiséieren eng Mëschung, fir riseg Seefeblosen ze maachen.
www.naturmusee.lu Zënngéissen Dënschdes, den 9. Juni 2009 4 Euro 11-13 Rendez-vous: um 15:00 Auer (zréck 17:00 Auer) zu Manternach 'A Wiewesch' Responsabel: M. Grosbusch Guide vum 'natur musée' Mir maachen eis Ofdréck Ammoniten a Schleeken a géissen se aus Zënn.
www.aero100.lu Vu Villercher a Fligeren Donneschdes, den 11. Juni 2009 4 Euro 11-13 Rendez-vous: um 15:00 Auer (zréck 17:00 Auer) am 'natur musée' am Gronn Responsabel: Patrick Delhalt Biolog An dësem Atelier maache mir Experimenter ronderëm d'thema Fléien. Mir bauen och verschidde Fluchapparater déi s du kanns mat heem huelen.
Maths and Fun Dënschdes, de 16. Juni 2009 4 Euro 11-13 Rdv: um 15:00 Auer (zréck 17:00 Auer) op der Uni Lëtzebuerg Campus Kierchbierg Responsabel: Massimo Malvetti Physiker Spiller, Rätselen a kleng Weisheeten. D Mathematik anescht erliewen (Widerhuelung vum 23/01/09) www.uni.lu
Selwer Parfum maachen Donneschdes, den 18. Juni 2009 4 Euro 11-13 Rendez-vous: um 15:00 Auer (zréck 17:00 Auer) zu Manternach 'A Wiewesch' Responsabel: Michelle Grosbusch Guide vum 'natur musée' Hei dréint sech alles ëm déi fein Nuesen. Wou kommen Gerécher hir? Wat sinn ätheresch Ueleger? Wéi kann e Parfum maachen? Mir mixen eisen eegene Parfum. www.naturmusee.lu
www.naturmusee.lu Esseg, Ueleg, Pesto Donneschdes, de 25. Juni 2009 6 Euro 11-13 Rendez-vous: um 15:00 Auer (zréck 17:00 Auer) am 'natur musée' am Gronn Responsabel: M. Grosbusch Guide vum 'natur musée' Mir verschaffe Kraider aus dem Muséesgaart, leeë se an Esseg an Ueleg an a maache Pesto, fir mat heem ze huelen.
www.ajsl.lu Mir bauen eng richteg Wandmillen Samschdes, den 25. Abrël 2009 6 Euro 13-15 Rdv: um 14:00 Auer (zréck 17:00 Auer) an de Säll der AJSL, Sandweiler Gare Responsabel: Eugène Schiltz Jonk Fuerscher Mir bauen eng richteg Eolienne (Wandmillen) déi souguer Stroum mecht. D'Wandmille kanns du mat heem huelen.
www.naturmusee.lu Zänntechnik Donneschdes, de 7. Mee 2009 0 Euro 13-15 Rendez-vous: um 15:00 Auer (zréck 17:30 Auer) am 'natur musée' am Gronn Responsabel: Maryse Jost Zahntechniker Wéi entstinn eis Drëtt-Zänn? Maach dir däin eegenen Ofdrock dengen Zänn a géiss se a Gips aus.
www.chimie.lu Chemikus CO2 Box Seefexperimenter Samschdes, den 9. Mee 2009 Responsabel: João Martins, Chemiker Antero Martins chimie.lu 4 Euro 13-15 Rendez-vous: um 14:00 Auer (zréck 16:00 Auer) am 'natur musée' am Gronn Entdeckt déi faszinant Chimie a Physik, déi an de Seefeblose stécht. Firwat hu si Faarwen, wat fir Gesetzer verfollegen se... Mir synthetiséieren eng Mëschung, fir riseg Seefeblosen ze maachen.
Mad Lab: Funky Guitar Dënschdes, den 12. Mee 2009 10 Euro 13-15 Rendez-vous: um 16:00 Auer (zréck 18:00 Auer) am 'natur musée' am Gronn Responsabel: Maryse Jost Guide vum 'natur musée' An dësem Atelier léide mir e Guitar-Synthesiser zesummen, deen Nouten iwwer 5 Oktave spillt, a 4 verschiddenen Téin (akustesch Guitar, elektresch Guitar a Syntheziser). www.naturmusee.lu D'Funky Guitar' kanns du natierlech mat heem huelen!!
Ferngesteiert Solarboot bauen Mëttwochs, de 27. Mee 2009 bis Freides, den 29. Mee 2009 25 Euro 13-15 Rdv: um 09:00 Auer (zréck 16:00 Auer) an de Säll der AJSL, Sandweiler Gare Responsabel: Maryse Jost Guide vum 'natur musée' Mir treffen eis all Dag 9.00 bis 16.00 Auer, während 3 Deeg, fir zesummen 2 ferngesteiert Solarbooter ze bauen an um SUNCUP 2009 deelzehuelen. D'e Suncup ass Sonndes, de 5. Juli zu Kolmarbierg. Vakanz www.suncup.lu
www.fly.to/mcps Bau däin eegene Modellfliger Samschdes, den 11. Juli 2009 25 Euro 13-15 Rendez-vous: um 09:00 Auer (zréck 16:00 Auer) am Energiepark zu Remerschen L Responsabel: Jeannot Behm Ingenieur Hei kriss du erkläert, firwat e Fliger flitt a wéi een e Modellfliger zesummebaut! Däin eegene Modellfliger kanns du natierlech mat heem huelen!
ëtzebuerg am Weltall: Astra-Satelliten Freides, de 17. Abrëll 2009 0 Euro 15-18 Rendez-vous: um 15:00 Auer (zréck 17:00 Auer) zu Betzdorf bei SES Responsabel: Jean-Paul Hoffmann SES Mir besichen d'installatioune SES ASTRA zu Betzdorf. Hei gëss du alles iwwer Satellite gewuer a kanns Experten deng Froen iwwer Satellite am Weltall stellen.mir ginn ënner anerem an d'kontrollstatioun a bei riseg Antennen, vu wou aus d'satellite am Weltall gesteiert ginn. www.ses.com Vakanz
Meteo um Findel Dënschdes, de 26. Mee 2009 0 Euro 15-18 Rendez-vous: um 14:00 Auer (zréck 16:00 Auer) um lëtzebuerger Flughafen Responsabel: Claude Alesch Chef vum Lëtzebuerger Wiederdéngscht Wéi gi Wiederprevisioune gemat? Wäert et muer reenen oder sonneg an drechen sin? Dëst a vill méi gëss du op der Meteosstatioun um Findel gewuer. Vakanz www.aeroport.public.lu/fr/meteo/
Privat & Sportfliegerei Samschdes, de 6. Juni 2009 0-50 Euro 15-18 Rendez-vous: um 14:00 Auer (zréck 18:00 Auer) um lëtzebuerger Flughafen Responsabel: Jean Birgen AERO-SPORT Wells du hannert Kulissen enger Flugschoul gesinn oder Pilot(in) ginn? Mir besichen Maintenance, selwer gebauten Fligeren, Konschtflugfligeren an historësch Fligeren. Du léiers e puer d'grondkenntnisser vum Fléien, vum Kaartenliesen a den Instrumenter am Fliger kennen. Wann d'wieder et erlaabt kanns du och selwer, a Begleedung engem Instruktor, fléien. Onkäschtenbeitrag 50 Euro www.aerosport.lu
Flugkontroll um FINDEL Donneschdes, de 16. Juli 2009 0 Euro 15-18 Rendez-vous: um 15:00 Auer (zréck 17:30 Auer) um lëtzebuerger Flughafen Responsabel: François Mathieu Chef de Service "Air Trafic Control" Pro sinn +/- 100.000 Flugbewegungen um Flughafen Lëtzebuerg. Wéi kommen all déi Flieger sécher op hir Destinatiounen op der ganzer Welt? Wéi gëtt ee Fluglotse an wat muss ee kënnen? Besich lëtzebuerger Fluglotsen, de Kontrolltuerm a Radar am Service "Air Traffic Control". Vakanz www.aeroport.public.lu/fr/administration/services/atc.html
Numm:... Virnumm:... Adress:... L-... Tel.:...Gebuertsdatum:.../.../... GSM:... EMail:... Umellung och per Internet: www.science-club.lu D SEKRETARIAT Hei kriss du Informatiounen iwwer d Aktivitéiten: Science Club 25, rue Münster L-2160 Lëtzebuerg Tel: 46 22 33 450 Rép./Fax: 46 22 33 451 E-mail: science-club@mnhn.lu COORDINATEUR AN USPRIECHPARTNER: Patrick Delhalt Tel: 46 22 33-429 E-mail: pdelhalt@mnhn.lu Umellungsziedel www.science-club.lu Ech melle mech fir folgend Aktivitéiten un:... Musée National d Histoire Naturelle 25, rue Münster... L-2160 Lëtzebuerg... Université du Luxembourg... Faculté des Sciences, de la Technologie... et de la Communication... 6, Rue Coudenhove-Kalergi L- 1413 Lëtzebuerg-Kirchbierg... Jonk Fuerscher Opléisung Lëtzebuerg Boîte postale 1387 L-1013 Lëtzebuerg Mat schwaarzem Bic ausfëllen w.e.g. Partner: ScienceQuiz Wann dësen Ziedel ausgefëllt ass, schéck, fax oder mail e w.e.g. un de: Science-Club - 25, rue Münster - L-2160 Lëtzebuerg Tel.: 462233 450 - Fax: 462233 451 - Mail: science-club@mnhn.lu
D SEKRETARIAT Hei kriss du Informatiounen iwwer d Aktivitéiten: Science Club 25, rue Münster L-2160 Lëtzebuerg Tel: 46 22 33 450 Rép./Fax: 46 22 33 451 E-mail: science-club@mnhn.lu COORDINATEUR AN USPRIECHPARTNER: Patrick Delhalt Tel: 46 22 33-429 E-mail: pdelhalt@mnhn.lu Partner: www.science-club.lu Musée National d Histoire Naturelle 25, rue Münster L-2160 Lëtzebuerg Université du Luxembourg Faculté des Sciences, de la Technologie et de la Communication 6, Rue Coudenhove-Kalergi L- 1413 Lëtzebuerg-Kirchbierg Jonk Fuerscher Lëtzebuerg Boîte postale 1387 L-1013 Lëtzebuerg.... Mat der finanzieller Ennerstetzung: Fonds National de la Recherche 6, rue Antoine de Saint Exupérie L-1017 Lëtzebuerg De science-club ass Member : Lëtzebuerger Reseau fir d'promotioun der Wëssenschaftskultur